Wëllkomm

Dir sidd am Gaang Äre Bewerbungsprozess unzefänken fir:

diploméierten Aide-soignant - Sprenger Poste (m/w)
Dir hutt 2D an 15St bis dësen Job zougemaach gëtt
Bewerbungen kënnen erageschéckt ginn bis den 29/01/2022

diploméierten Aide-soignant - Sprenger Poste (m/w)

Schlussdatum 29/01/2022

D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hir Wunnstrukturen um Centre Nossbierg zu Esch/Uelzecht een diploméierten Aide-Soignant (40 Stonnen/Woch) fir een CDI als Sprenger fir direkt oder no Ofsprooch.


Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur eran ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif ...).


Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.

Responsabilitéiten

Begleedung am Alldag vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung.

Obligatoresch Ufuerderungen

D’Kandidate sollen:

  •  am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom an d'Autorisation d'exercer sinn 
  •  Beruffserfarung hunn
  •  Sënn vu Verantwortung hunn, fir en optimalen professionellen Encadrement vu Persounen mat enger intellektueller Beanträchtegung ze garantéieren
  •  iwwert Flexibilitéit, Motivatioun an Eegeninitiativ verfügen
  • eegestänneg an organiséiert schaffe kënnen
  •  déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen 
  •  de Führerschäin Klass B hunn


Wënschenswäert Ufuerderungen

Erfarung mat Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung ass vu Virdeel.

Mir bidden
  • attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen
  • en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung


ERFUERDERLECHSPROOCHEN

Obligatoresch Sproochen: 2
Fir fir dësen Job consideréiert ze ginn, ass et entscheedend, dat Dir Kenntnisser a folgenden Sproochen hutt
  • *
    liesen B1 Mëttelstuf
    schreiwen A2 Éischt Grondlagen
    Schwätzen B1 Mëttelstuf
Dir musst zousätzlech 1 vun dësen 2 Sproochen kënnen.
  • liesen B2 Avancéiert Mëttelstuf
    schreiwen B2 Avancéiert Mëttelstuf
    Schwätzen B2 Avancéiert Mëttelstuf
  • liesen B2 Avancéiert Mëttelstuf
    schreiwen B2 Avancéiert Mëttelstuf
    Schwätzen B2 Avancéiert Mëttelstuf
mindestens gefuerdert Educatioun
Erfuerderlech Beruffserfarung a Joren
0 oder méi Joer
Detailer
Aarbechtsform
Aart vu Kontrakt
Stonnen pro Woch
40
Standuert
Land
Stad
Esch/Uelzecht