Wëllkomm

Dir sidd am Gaang Äre Bewerbungsprozess unzefänken fir:

een geléierte Kach fir eisen Atelier Kichen & Gemeiskichen zu Lampech (w/m/x)
Dir hutt 11D an 19St bis dësen Job zougemaach gëtt
Bewerbungen kënnen erageschéckt ginn bis den 08/04/2023

een geléierte Kach fir eisen Atelier Kichen & Gemeiskichen zu Lampech (w/m/x)

Schlussdatum 08/04/2023

D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hiren Atelier Kichen & Gemeiskichen zu Lampech ee geléierte Kach fir een CDI - Vollzäit ab den 01.07.2023.


Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif ...).


Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.


Responsabilitéiten

  • Liewensmëttelversuergung/Stockage
  • Organisatioun vun der Aarbecht a vun der Produktion
  • Uwennung a Kontroll vun Gesondheets- a Sécherheetsnormen
  • Mat enger Ekipp vun Leit zesummen schaffen, déi eng intellektuell Beanträchtegung hunn


Obligatoresch Ufuerderungen

  • am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom (DAP) an der Restauratioun sinn 
  • Sënn vu Verantwortung hunn fir en optimalen professionellen Encadrement vu Persounen mat enger intellektueller Beanträchtegung ze garantéieren
  • iwwert Flexibilitéit um Niveau vun den Aarbechtszäiten, Motivatioun an Eegeninitiativ verfügen 
  • eegestänneg an organiséiert schaffe kënnen
  • déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen 
  • de Führerschäin Klass B hunn.



Wënschenswäert Ufuerderungen

Kenntnisser an folgenden Beräicher kennen vun Virdeel sinn: 

  • Methoden fir Geméis an Uebst haltbar ze maachen wei zum Akachen
  • Wëssen iwwert Reglementer vun der Produktioun an Vente am alimentairen Beräich


Beruffserfarung an der Aarbecht mat Persounen mat enger intellektueller Beanträchtegung ass vu Virdeel.



Mir bidden

  • attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen
  • en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung

ERFUERDERLECHSPROOCHEN

Fir fir dësen Job consideréiert ze ginn, ass et entscheedend, dat Dir Kenntnisser a folgenden Sproochen hutt
  • liesen B1 Mëttelstuf
    schreiwen B1 Mëttelstuf
    Schwätzen B1 Mëttelstuf
  • liesen B2 Avancéiert Mëttelstuf
    schreiwen B2 Avancéiert Mëttelstuf
    Schwätzen B2 Avancéiert Mëttelstuf
  • liesen B2 Avancéiert Mëttelstuf
    schreiwen B2 Avancéiert Mëttelstuf
    Schwätzen B2 Avancéiert Mëttelstuf
mindestens gefuerdert Educatioun
Erfuerderlech Beruffserfarung a Joren
0 oder méi Joer
Detailer
Aarbechtsform
Aart vu Kontrakt
Stonnen pro Woch
40
Standuert
Land
Stad
Lampech
Dateschutzrichtlinn