Aides-Educateurs remplaçants (w/m/x)
D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hir Servicer d'Education et d'Accueil Inclusif “Kokopelli” zu Beetebuerg an “Topolino” zu Déifferdeng, Aides-Educateurs remplaçants fir fir CDI minimum 20 St/Woch als permanent Ersatzpersonal.
Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur eran ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif ...).
Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.
Responsabilitéiten
Déi inklusiv Educatiouns- an Betreiungsservicer Kokopelli an Topolino, hun als Missioun déi non formal Bildung vun 78 Kanner am Alter vun 2 Méint bis 4 Joer ze garantéieren. D’Ziel ass et Inklusioun am Alldag ze liewen; zesummen mat den Elteren an engem pluridisziplinären Team.
Als Member vun eisem multidisziplinären Team, wäert Dir fir déi sozialpädagogesch Betreiung vun den Kanner responsabel sinn.
Dir huelt un der Betreiung an Orientéierung vun den Elteren deel.
Sollten Iech dës Missiounen zousoen, lueden mir Iech an ze postuléieren an Deel vun eiser pluridisziplinärer, dynamescher an motivéierter Ékipp ze gin!
Obligatoresch Ufuerderungen
· Beruffserfahrung hunn
· Sënn vu Verantwortung hunn, fir en optimalen professionellen Encadrement vu Kanner ze garantéieren
· Iwwert Flexibilitéit, Motivatioun an Eegeninitiativ verfügen
· Eegestänneg an organiséiert schaffe kënnen
· Staarken Teamgeescht hunn
· Déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen
· De Führerschäin Klass B hunn
Mir bidden
- attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen
- en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vu Kanner
ERFUERDERLECHSPROOCHEN
- liesen B1 Mëttelstufschreiwen B1 MëttelstufSchwätzen B1 Mëttelstuf
- liesen B2 Avancéiert Mëttelstufschreiwen B2 Avancéiert MëttelstufSchwätzen B2 Avancéiert Mëttelstuf
- liesen B2 Avancéiert Mëttelstufschreiwen B2 Avancéiert MëttelstufSchwätzen B2 Avancéiert Mëttelstuf