Wëllkomm

Dir sidd am Gaang Äre Bewerbungsprozess unzefänken fir:

ee geléierte Bauer oder ee polyvalente Matarbeechter mat Erfarung am Beräich Bauerenbetrieb (m/w)
Dir hutt 2D an 5St bis dësen Job zougemaach gëtt
Bewerbungen kënnen erageschéckt ginn bis den 31/05/2023

ee geléierte Bauer oder ee polyvalente Matarbeechter mat Erfarung am Beräich Bauerenbetrieb (m/w)

Schlussdatum 31/05/2023

D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hiren Atelier Domaine agricole zu Betten, ee geléierten Bauer oder ee Mataarbechter mat Erfarung am Beräich Bauerenbetrieb fir een CDI 40 Stonnen/Woch, fir direkt oder no Ofsprooch.


Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif ...).


Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.


Responsabilitéiten


Mat engem Grupp vun Léit mat enger intellektueller Beanträchtegung  an Ärer Beruffsbranch schaffen.


Obligatoresch Ufuerderungen

D’Kandidate sollen:

  • Am Besetz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom (DAP) am Bauerenberäich sinn oder iwwert Beruffserfarung verfügen
  • Sënn vu Verantwortung hunn fir en optimale professionellen Encadrement vu Persoune mat enger intellektueller Beanträchtegung
  • Iwwert Flexibilitéit, Motivatioun an Eegeninitiativ verfügen
  • Equipeaarbecht als Bestand vu dëser Aarbecht ugesinn
  • Eegestänneg an organiséiert schaffe kënnen
  • Déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen
  • De Führerschäin Klass B hunn


Mir bidden

  • attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen
  • en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Ziel vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vu Persoune mat enger Beanträchtegung

ERFUERDERLECHSPROOCHEN

Fir fir dësen Job consideréiert ze ginn, ass et entscheedend, dat Dir Kenntnisser a folgenden Sproochen hutt
  • liesen B1 Mëttelstuf
    schreiwen B1 Mëttelstuf
    Schwätzen B1 Mëttelstuf
  • liesen B2 Avancéiert Mëttelstuf
    schreiwen B2 Avancéiert Mëttelstuf
    Schwätzen B2 Avancéiert Mëttelstuf
  • liesen B2 Avancéiert Mëttelstuf
    schreiwen B2 Avancéiert Mëttelstuf
    Schwätzen B2 Avancéiert Mëttelstuf
mindestens gefuerdert Educatioun
Erfuerderlech Beruffserfarung a Joren
2 oder méi Joer
Detailer
Aarbechtsform
Aart vu Kontrakt
Stonnen pro Woch
40
Standuert
Land
Stad
Bettange/Mess
Dateschutzrichtlinn