een diploméierten Metzler oder diploméierten Verkeefer - Atelier Buttéck zu Betten (w/m/x)
D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hir Atelier "Buttéck am Duerf" zu Betten, een diploméierten Metzler oder een diploméierten Verkeefer fir ee CDI 20 Stonnen/Woch, fir direkt oder no Ofsprooch.
Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur eran ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif ...).
Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.
Responsabilitéiten
- an Metzlerei schaffen: Schluechten vum hauseegen Gefligel an Kanengercher, Produktioun, an/oder an der Vente
- den Encadrement vun den Mataarbechter aus der Metzlerekipp mat enger intellektueller Beanträchtegung garantéieren
Obligatoresch Ufuerderungen
D'Kandidate sollen:
• am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom DAP an der Metzlerei oder Vente sinn
• Sënn vu Verantwortung hunn fir en optimalen professionellen Encadrement vu Persounen mat enger intellektueller Beanträchtegung ze garantéieren
• iwwert Flexibilitéit um Niveau vun den Aarbechtszäiten, Motivatioun an Eegeninitiativ verfügen
• eegestänneg an organiséiert schaffen kënnen
• déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen
• de Führerschäin Klass B hunn.
Mir bidden
- attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen
- en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung
ERFUERDERLECHSPROOCHEN
- liesen B1 Mëttelstufschreiwen B1 MëttelstufSchwätzen B1 Mëttelstuf
OPTIONELL SPROCHEN
- liesen B2 Avancéiert Mëttelstufschreiwen B2 Avancéiert MëttelstufSchwätzen B2 Avancéiert Mëttelstuf
- liesen B2 Avancéiert Mëttelstufschreiwen B2 Avancéiert MëttelstufSchwätzen B2 Avancéiert Mëttelstuf