een diploméierten Erzéier - Service SAS Süden (w/m/x)
D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hiren Service d'Accompagnement et de Suivi "SAS" - Antenne Süden, een diploméierten Erzéier (w/m) fir ee CDI - 40 Stonnen/Woch, fir direkt oder no Ofsprooch.
Wann den Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur eran ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif, ...).
Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.
Responsabilitéiten
Ambulant Begleedung, Berodung an Betreiung vun Erwuessenen an Jugendlechen mat enger intellektueller Beanträchtegung an autonome Wunnengen.
Obligatoresch Ufuerderungen
D’Kandidate sollen:
● am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom sinn
● iwwert Beruffserfarung verfügen
● iwwert Flexibilitéit, Motivatioun an Eegeninitiativ verfügen
● eegestänneg an organiséiert schaffe kënnen
● déi lëtzebuergesch, franséisch an daïtsch Sprooch beherrschen
● de Führerschäin Klass B hunn
Wënschenswäert Ufuerderungen
Erfarung an der Begleedung am Beräich Milieu Ouvert ass vu Virdeel.
Mir bidden
- attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen
- en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Ziel vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung
ERFUERDERLECHSPROOCHEN
- liesen B1 Mëttelstufschreiwen B1 MëttelstufSchwätzen B1 Mëttelstuf
- liesen B2 Avancéiert Mëttelstufschreiwen B2 Avancéiert MëttelstufSchwätzen B2 Avancéiert Mëttelstuf
- liesen B2 Avancéiert Mëttelstufschreiwen B2 Avancéiert MëttelstufSchwätzen B2 Avancéiert Mëttelstuf