ee Psycholog (w/m/x)- fir eisen Département Logement Accueil de Jour
Schlussdatum
13/10/2024
D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hir Wunn- a Dagesstrukture am Süde vum Land ee Psycholog (w/m/x) - CDI 32 Stonnen/Woch - fir direkt oder no Ofsprooch.
Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif...).
Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.
Missiounen:
- Oprechterhalen a Fërderung vum Wuelbefannen an der mentaler Gesondheet vun der Persoun mat intellektueller Beanträchtegung unhand vu sengem Fachwëssen,
- Berodung vun den Ekippen an Iwwerwaachung vun der pedagogescher Approche am Zesummenhang mat psychologeschen, psychiatreschen a verhalensbezunnenen Schwieregkeete vun der Persoun,
- iwwergraïfend als Beroder fir mental Gesondheet déngen.
Ufuerderungen:
- am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Psycholog sinn (Master an Psychologie),
- verdéift Wëssen an der klinescher Psychologie a Gesondheetspsychologie,
- Erfarung an der Psychodiagnostik,
- Sënn vu Verantwortung fir eng professionell Begleedung vu Persoune mat enger intellektueller Beanträchtegung ze ënnerstëtzen,
- Selbststännegkeet, Flexibilitéit an Initiativ bei der Organisatioun a Planung vu sengen Aufgaben,
- an enger multidisziplinärer Ekipp schaffen,
- iwwer gutt Empathie-, Bezéiungs- an Kommunikatiounsfäegkeete verfügen,
- déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen,
- de Führerschäin Klass B hunn,
- Beruffserfarung a fundéiert Kenntnesser am Beraïch vun der Behënnerung sin vun Virdeel.
Mir bidden
- attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen,
- en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vu Persoune mat enger Beanträchtegung.
ERFUERDERLECHSPROOCHEN
Fir fir dësen Job consideréiert ze ginn, ass et entscheedend, dat Dir Kenntnisser a folgenden Sproochen hutt
- liesen B1 Mëttelstufschreiwen B1 MëttelstufSchwätzen C1 Autonomen Niveau
- liesen B1 Mëttelstufschreiwen B1 MëttelstufSchwätzen B1 Mëttelstuf
- liesen B1 Mëttelstufschreiwen B1 MëttelstufSchwätzen B1 Mëttelstuf
mindestens gefuerdert
Educatioun
Jobkategorie
Detailer
Aarbechtsform
Aart vu Kontrakt
Stonnen pro Woch
32
Standuert
Land
Stad
Süden
Wielt eng Optioun fir Iech ze bewerben
Manuell aginn
Mat Indeed bewerben
Skeeled schonn virdrun benotzt?
Méi spéit bewerben