Een ASF/ ASF en formation (w/m/x) - Service CARR Sud
Schlussdatum
29/11/2024
D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hiren Service CARR (Centre d'activités, de réadaptation et de rencontre) zu Esch/Uelzecht, een ASF / ASF en formation - CDI - 20 Stonnen/Woch - fir direkt oder no Ofsprooch.
Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif, Autorisation d'exercer ...).
Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.
Responsabilitéiten
- Kanner a Jugendlecher mat intellektueller Beanträchtigung, no der Schoul a wärend de Vakanzen, an hirem Alldag ze ennerstetzen an ze begleeden.
- diversifiéiert Spill-a Fräizäitaktivitéiten ze organiséiren
- d'Kanner an d'Jugendlecher an hieren individueller Entwécklung begleeden.
- Projet mat ausschaffen, déi sech un d'Bedürfnisser vun de Kanner a Jugendlecher orientéiren.
- an engem reegelméissegen a professionnellem Austausch mat den Elteren sinn.
Obligatoresch Ufuerderungen
D’Kandidate sollen:
- am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom sinn
- Beruffserfarung hunn
- zouverlässeg sinn
- d'Fäegkeet hunn an engem Team ze schaffen
- kommunikativ a relational Kompetenzen hunn
- iwwert Flexibilitéit, Motivatioun an Eegeninitiativ verfügen
- eegestänneg an organiséiert schaffe kënnen
- déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen
- de Führerschäin Klass B hunn
Mir bidden
- attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen.
- en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung.
ERFUERDERLECHSPROOCHEN
Fir fir dësen Job consideréiert ze ginn, ass et entscheedend, dat Dir Kenntnisser a folgenden Sproochen hutt
- liesen B1 Mëttelstufschreiwen B1 MëttelstufSchwätzen B1 Mëttelstuf
- liesen B2 Avancéiert Mëttelstufschreiwen B2 Avancéiert MëttelstufSchwätzen B2 Avancéiert Mëttelstuf
- liesen B2 Avancéiert Mëttelstufschreiwen B2 Avancéiert MëttelstufSchwätzen B2 Avancéiert Mëttelstuf
mindestens gefuerdert
Educatioun
Erfuerderlech Beruffserfarung
a Joren
0 oder méi Joer
Jobkategorie
Detailer
Aarbechtsform
Aart vu Kontrakt
Stonnen pro Woch
20
Standuert
Land
Stad
Esch/Uelzecht
Wielt eng Optioun fir Iech ze bewerben
Manuell aginn
Mat Indeed bewerben
Skeeled schonn virdrun benotzt?
Méi spéit bewerben