Wëllkomm

Dir sidd am Gaang Äre Bewerbungsprozess unzefänken fir:

een diploméierten Infirmier - Centre Nossbierg (w/m/x)
Dir hutt 19D an 6St bis dësen Job zougemaach gëtt
Bewerbungen kënnen erageschéckt ginn bis den 31/03/2025

een diploméierten Infirmier - Centre Nossbierg (w/m/x)

Schlussdatum 31/03/2025

D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hir Wunnstrukturen um Centre Nossbierg zu Esch/Uelzecht, een diploméierten Infirmier (Krankenpfleger) (w/m/x) fir CDD 24 Stonnen/Woch - fir direkt oder no Ofsprooch. (Dispens + congé maternité an congé parental)


Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif ...).


Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.


Responsabilitéiten

Betreiung am Gesondheetsberäich vun erwuessene Léit mat enger intellektueller Beanträchtegung.



Obligatoresch Ufuerderungen

D’Kandidate sollen:


  •  Am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom an vun enger "Autorisation d'exercer" sinn. 
  •  Beruffserfarung hunn.
  •  Sënn vu Verantwortung hunn fir en optimalen professionellen Encadrement vu Persounen mat enger intellektueller Beanträchtegung ze garantéieren.
  •  Iwwert Flexibilitéit, Motivatioun an Eegeninitiativ verfügen.
  •  Eegestänneg an organiséiert schaffen kënnen.
  •  Déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen. 
  •  De Führerschäin Klass B hunn.


 


Wënschenswäert Ufuerderungen

Beruffserfarung am Beräich vun der intellektueller Beanträchtegung ass vu Virdeel.



Mir bidden

  • attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen.
  • en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung.


ERFUERDERLECHSPROOCHEN

Fir fir dësen Job consideréiert ze ginn, ass et entscheedend, dat Dir Kenntnisser a folgenden Sproochen hutt
  • liesen B1 Mëttelstuf
    schreiwen B1 Mëttelstuf
    Schwätzen B1 Mëttelstuf
  • liesen B1 Mëttelstuf
    schreiwen B1 Mëttelstuf
    Schwätzen B1 Mëttelstuf
  • liesen B1 Mëttelstuf
    schreiwen B1 Mëttelstuf
    Schwätzen B1 Mëttelstuf
mindestens gefuerdert Educatioun
Jobkategorie
Detailer
Aarbechtsform
Aart vu Kontrakt
Stonnen pro Woch
24
Standuert
Land
Stad
Esch sur alzette

Wielt eng Optioun fir Iech ze bewerben

Dateschutzrichtlinn