Generaldirekter
Generaldirekter FLT
D’Lëtzebuerger Tennis Federatioun (FLT), gegrënnt 1946, vereent Stand haut 53 Clibb a ronn 13.000 lizenzéiert Spiller, dëst mécht d’FLT zu enger vun de gréisste Sportfederatiounen zu Lëtzebuerg. Mat der rezenter Integratioun vum Padel a Pickleball baséieren sech d’Aktivitéite vun der FLT elo op dräi Sportsdisziplinnen.
Mir sichen eng dynamesch a strategesch Féierungspersoun, déi bereet ass, den Tennis zu Lëtzebuerg nohalteg ze entwéckelen an ze stäerken. Als Generaldirekter/Generaldirektesch spillt Dir eng Schlësselroll an der Federatioun a schafft enk mam Verwaltungsrot, dem Sportdirekter an aneren Acteuren zesummen, fir strategesch an organisatoresch Ziler z’erreechen.
Är Aufgaben
An dëser Roll setzt Dir d’Basis fir den Héichleeschtungssport an déi sozial Wäerter vum Tennis erfollegräich ze kombinéieren. Wärend de Sportdirekter sech op de Sportinhalt a sportspezifesch Programmer konzentréiert, suergt Dir fir déi effektiv Gestioun vun organisatoreschen, finanziellen an infrastrukturellen Aspekter vun der Federatioun.
Är Haaptresponsabilitéiten:
- Leedung an Optimiséierung vun den operationellen an administrative Prozesser vun der FLT.
- Gestioun a Motivatioun vum FLT-Team, fir eng effikass an dynamesch Struktur ze garantéieren.
- Entwécklung vun nohaltege Finanzstrategien, fir d’Federatioun weider auszebauen.
- Iwwerwaachen an Ëmsetzen vun neie Projete fir Tennis, Padel a Pickleball ze promouvéieren.
- Koordinatioun vum Austausch tëscht de Veräiner, Partner an aneren Acteuren.
- Promotioun vun enger transparenter an op Vertrauen opgebauter Zesummenaarbecht.
- Vertriedung vun der FLT op nationalem an internationalem Niveau.
Äre Profil
Mir sichen eng Persoun mat strategescher Visioun an héijer Gestiounskompetenz.
Dir hutt:
- E Studium am Geschäftsmanagement, Sportmanagement, Sozialwëssenschaften oder engem änleche Beräich.
- Zolidd Erfarung an der Gestioun, idealerweis am Sport, an enger Associatioun oder enger Net-gewënnorientéierter Organisatioun.
- Eng staark Expertise an der Gestioun vu komplexe Projeten an der Entwécklung vun nohaltege Strukturen.
- Finanziell Gestioun a Leadership Fäegkeeten.
- D’Fäegkeet, Ekippen zesummenzebréngen an ze motivéieren, fir gemeinsam Ziler ze erreechen.
- Eng exzellent Beherrschung vum Lëtzebuergeschen, Däitschen, Franséischen an Engleschen.
Firwat Deel vun der FLT ginn?
Als Generaldirekter/ Generaldirektesch kritt Dir d’Méiglechkeet, d’Zukunft vum Tennis zu Lëtzebuerg aktiv mat ze gestalten, dat souwuel op Kompetitiouns- wéi och op sozialem Niveau.
D‘FLT bidd Iech:
- En dynamescht an inspiréierend Aarbechtsëmfeld.
- D’Méiglechkeet, Är Iddien anzebréngen a fir d’Entwécklung vun der Federatioun ze suergen.
- Eng attraktiv Remuneratioun, baséiert op där vun der Fonction publique.
- Zesummenaarbecht mat nationalen an internationalen Partner.
Wéi kënnt Dir Iech mëllen?
Äre Bewerbungsdossier soll folgend Dokumenter enthalen:
- Eng Lettre de Motivation
- En detailléierte Curriculum Vitae
- D’Kontaktdonnéeë vun zwou Referenzpersounen
- Relevant Diplomer an Zertifikaen
- Fir Froen, kontaktéiert eis um +352 57 44 70 21 (Méindes bis Freides, vu 9:30 bis 11:30 an vu 14:00 bis 16:00).
Mir freeën eis op Är Kandidatur!
Wielt eng Optioun fir Iech ze bewerben
Manuell aginn
Mat Indeed bewerben
Skeeled schonn virdrun benotzt?
Méi spéit bewerben