Méi Jobs uweisen
Klickt fir méi Jobméiglechkeeten
Educateur diplômé - Wunngrupp fir Kanner zu Miersch (Haus 2) - CDI - Deelzäit 50-75%
Är Aufgaben:
- Ëmsetzung a Sécherung vun enger qualitativ héichwäerteger pedagogescher Betreiung
- Dir schafft am deeglechen Encadrement vu Kanner a Jugendlechen
- Treffe vun Alldagsentscheedungen an Ëmsetzung vun dësen Entscheedungen no Récksprooch mam Chef de groupe an de Mataarbechterinnen
- Garantéiere vun engem pedagogesch séchere Kader, deen et de Kanner a Jugendlechen erlaabt sech weider ze entwéckelen
- Dir huelt verantwortungsvoll un Teambespriechungen, Formatiounen a Supervisiounen deel a bannt Iech aktiv mat an
- Dir sidd Bezuchserzéier vun engem oder zwee Kanner
Äre Profil:
- Dir hutt en unerkannten Diplom oder eng Equivalenz mat der „autorisation d‘exercer“
- Dir hutt eng zilorientéiert a strukturéiert Aart a Weis ze schaffen
- Dir hutt eng gutt Beobachtungs- a Reflexiounsfäegkeet
- Fäegkeet fir systemesch-, ressourcen- a léisungsorientéiert Denken an Handelen
- Teamfäegkeet a Bereetschaft an engem multidisziplinären Team ze schaffen
- Führerschäin (B)
- Sproochen: Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch, all weider Sproochen si vu Virdeel
- Dag- an Nuetsschichte souwéi Weekendaarbecht a Feierdeeg
Mir bidden:
- Eng diversifizéiert an interessant Aarbecht bei engem zouverlässegen a kompetenten Acteur an der Kanner- a Jugendhëllef.
- Reegelméisseg Weiderbildung an de Beräicher Bindung an Trauma, Kanner- a Jugendschutz.
- Reegelméisseg Teamversammlungen, Supervisiounen, Formatiounen.
- Remuneratioun laut Kollektivvertrag CCT-SAS.
- Sympass Kaart.
Mir bieden Iech folgend Dokumenter am Formulaire eropzelueden:
- Motivatiounsbréif
- Liewenslaf mat Foto
- Kopie vum Diplom
- Autorisation d'excercer
Am Fall vun engem Recrutement, gidd dir d'Casiers judiciaires n°3, n°4 a n°5 gefroot.
mindestens gefuerdertEducatioun
Diploméierten Éducateur (14e)
Jobkategorie
Sozial Aarbecht
Detailer
Aarbechtsform
Deelzäit
Aart vu Kontrakt
Permanente Kontrakt
Stonnen pro Woch
50
Standuert
Land
Lëtzebuerg
Stad
Mersch
Secteur d'activité
Encadrement
Lieu d'affectation
Maison 2
Contract Type
Permanent contract
Wielt eng Optioun fir Iech ze bewerben
Manuell aginn
Mat Indeed bewerben
Skeeled schonn virdrun benotzt?
Méi spéit bewerben