Welcome

You are about to start your application process for:

Job d'étudiant été 2025

Job d'étudiant été 2025

MIR SICHE STUDENTEN*INNE FIR D‘SUMMERVAKANZ!☀️


De Luxembourg City Tourist Office (LCTO) sicht motivéiert Studenten*inne fir déi beschten Zäit vum Joer: de Summer!☀️🕶️ Mell Dech gär wann's Du de richtege Student*in bass:⬇️

Deng Missiounen:

  • Ekipp „Luxembourg Jackets – Ask me“: Als mobil Touristinfo äntwers Du op all méiglech Froen a begleets eis Touristen esou ewéi eis Awunner duerch d‘Summer Saison. „Wou ass de Panoramalift?“, „Wou sëtzt eis Melusina?“ oder och nach „Wat kann ech am Gronn entdecken?“.

  • Visites Guidéeën a Bureau d‘Accueil: Du ënnerstëtz eis Servicer „Guided Tours“ an „Information Desk and Hospitality – IDH“.


Däi Profil:

  • Student: Du bass Schüler*in oder Student*in mat enger gülteger Studentekaart (18-27 Joer al).

  • Kënnege „Local“: Passionéiert fir d’Stad Lëtzebuerg a seng méi wéi 1.000 Joer al Geschicht. Wou de nächste Velo’h steet weess Du natierlech och! 🚲

  • Deng Sproochekenntnisser: Schwätz Du fléissend Franséisch, Däitsch, Englesch a Lëtzebuergesch? Genial !

  • Oppenen a flexibelen Teamplayer: Du gees op d'Leit duer a schaffs gär mat Dengen Aarbechtskolleegen zesummen. „Teamwork makes the dream work.“ Ausserdeem adaptéiers Du Dech séier un nei Situatiounen. 💪🏼

 

Déi beschte Grënn fir bei den LCTO ze kommen:

  • Interaktiven, oppene Kontakt mat den „Awunner op Zäit“: Belsch, Däitschland oder USA. Eis Visiteure kommen aus alle Regioune vun der Welt.

  • Frëndschaften: léier aner Lëtzebuerger Studente kennen.

  • Vilfalt a Beweegung: souwuel um Terrain wéi och am Accueil, Däin Alldag ass ni den nämmlechten.

  • Besser Sproochekenntnisser : „Wéi seet een nach méi Festungsmaueren op Englesch?“ No Dengem Studentenjob bass Du nach méi fléissend a ville Sproochen.🗣️

  • Stater Expert: beim nächste Besuch vu Frënn oder Famill kanns Du mat Dengem neie Wësse punkten.✅


Deng Demande:

  • Deng Disponibilitéiten: 3 Periode si méiglech: 12.06.25–13.07.25; 10.07.25-10.08.25 ODER 07.08.25–14.09.25

  • Deadline: 07.04.25

Ënnerstëtz eis an eiser Missioun, dem Tourist en onvergiesslechen an aktive Summer an eiser Stad unzebidden. Mir freeën eis elo schonn Dech kennen ze léieren ! 😃☀️😃☀️ 

REQUIREDLANGUAGES

To be considered for this position it is crucial that you have knowledge of the following languages
  • Read B2 Upper intermediate
    Write B2 Upper intermediate
    Speak B2 Upper intermediate
  • Read B2 Upper intermediate
    Write B2 Upper intermediate
    Speak B2 Upper intermediate
  • Read B2 Upper intermediate
    Write B2 Upper intermediate
    Speak B2 Upper intermediate
  • Read B2 Upper intermediate
    Write B2 Upper intermediate
    Speak B2 Upper intermediate
Job Category
Details
Employment type
Contract type
Hours per week
40
Contract period
Week
Location
Country
City
Luxembourg

Select an option to apply

Privacy Policy