NEW Educateur diplômé - Crèche Internationale de Belair (M/W/NB)
arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 en kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an d'Erfarunge vu senge Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kenne ginn. Sie bitt en kollektiivt Aarbechtsëmfeld, dat Eegeninitiativ an Autonomie fërdert a gläichzäiteg fir déi néideg Ënnerstëtzung, Leedung a Begleede suergt. arcus asbl bitt hire Mataarbechter en stabelt a frëndlecht Aarbechtsëmfeld an engem schnellliewege Secteur mat Zukunft.
Responsabilitéiten
Mir sichen motivéiert, passionéiert an dynamesch Leit mam Ofschloss Educateur diplômé fir 30-40 Stonnen/ Woch, CDI fir eis Crèche Internationale de Belair.
Obligatoresch Ufuerderungen:
Du hues een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom
Du schaffs gär mat Kanner vu 3 Méint bis 4 Joer
Du hues Loscht däi Wësse mat Aneren ze deelen an deng Kompetenzen anzesetzen
Du bass kreativ a schaffst gär an enger Ekipp
Du kanns Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch an Englesch schreiwen a schwätzen
Mir bidden
Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen
Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS
En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen
Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass
En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld
Du bass interesséiert? Da schéck eis deng Kandidatur!
Mir freeën eis dech kennen ze léieren.
(bei enger Astellung froen mir de casier judiciaire)
ERFUERDERLECHSPROOCHEN
- liesen B2 Avancéiert Mëttelstufschreiwen B2 Avancéiert MëttelstufSchwätzen B2 Avancéiert Mëttelstuf
- liesen B1 Mëttelstufschreiwen B1 MëttelstufSchwätzen B1 Mëttelstuf
- liesen B2 Avancéiert Mëttelstufschreiwen B2 Avancéiert MëttelstufSchwätzen B2 Avancéiert Mëttelstuf
- liesen B1 Mëttelstufschreiwen B1 MëttelstufSchwätzen B1 Mëttelstuf
Wielt eng Optioun fir Iech ze bewerben
Manuell aginn
Mat Indeed bewerben
Skeeled schonn virdrun benotzt?
Méi spéit bewerben