Wëllkomm
Dir sidd am Gaang Äre Bewerbungsprozess unzefänken fir:
Een diploméierten Erzéier (w/m/x) fir hiren Atelieren zu Housen - Gaardenbereich
Dir hutt 8D an 1St bis dësen Job zougemaach gëtt
Bewerbungen kënnen erageschéckt ginn bis den 04/05/2025
Méi Jobs uweisen
Klickt fir méi Jobméiglechkeeten
Een diploméierten Erzéier (w/m/x) fir hiren Atelieren zu Housen - Gaardenbereich
Schlussdatum04/05/2025

D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hiren Atelieren zu Housen, een diploméierten Erzéier (w/m/x) fir an den Gaardenbereich  - fir een CDI 40h d‘Woch - fir direkt oder no Ofsprooch.

 

Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif ...).

 

Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.

 

Responsabilitéiten

Begleedung an Ënnerstetzung souwuel an der Initialausbildung wéi och an der Weiderbildung vu Jugendlechen an Erwuessener mat enger intellektueller Beanträchtegung, déi an eisem Atelier schaffen; dëst an Zesummenaarbecht mam techneschen Fachpersonal.

 

Obligatoresch Ufuerderungen

D'Kandidaten sollen:

  • am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom sinn 

  • Sënn vu Verantwortung hunn, fir en optimalen professionellen Encadrement vu Persounen mat enger intellektueller Beanträchtegung ze garantéieren

  • iwwert Flexibilitéit, Motivatioun an Eegeninitiativ verfügen

  • eegestänneg an organiséiert schaffen kënnen

  • déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen 

  • de Führerschäin Klass B hunn

 

Wënschenswäert Ufuerderungen

Beruffserfarung an der Aarbecht mat Persounen mat enger intellektueller Beanträchtegung ass vu Virdeel.

 

Mir bidden

·        attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen

·        en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung

ERFUERDERLECHSPROOCHEN
Fir fir dësen Job consideréiert ze ginn, ass et entscheedend, dat Dir Kenntnisser a folgenden Sproochen hutt
Lëtzebuergesch
LiesenB2 Avancéiert Mëttelstuf
SchreiwenB2 Avancéiert Mëttelstuf
SchwätzenB2 Avancéiert Mëttelstuf
Däitsch
LiesenB1 Mëttelstuf
SchreiwenB1 Mëttelstuf
SchwätzenB1 Mëttelstuf
Franséisch
LiesenB1 Mëttelstuf
SchreiwenB1 Mëttelstuf
SchwätzenB1 Mëttelstuf
mindestens gefuerdertEducatioun
Niveau Première
Jobkategorie
Gäertnerei
Detailer
Aarbechtsform
Vollzäit
Aart vu Kontrakt
Permanente Kontrakt
Stonnen pro Woch
40
Standuert
Land
Lëtzebuerg
Stad
Housen
Wielt eng Optioun fir Iech ze bewerben
Manuell aginn
Mat Indeed bewerben
Skeeled schonn virdrun benotzt?
Méi spéit bewerben
Dateschutzrichtlinn
Powered by