Wëllkomm
Dir sidd am Gaang Äre Bewerbungsprozess unzefänken fir:
Receptionist (f/m)
Méi Jobs uweisen
Klickt fir méi Jobméiglechkeeten
Receptionist (f/m)

Gegrënnt am Joer 1988, ass d ‘Luxembourg Air Rescue haut mat iwwer 180.000 Memberen déi gréissten A.s.b.l. zu Lëtzebuerg. Een Team vun iwwer 190 héichqualifizéierten Mataarbechter, 7 Rettungshelikopteren a 5 Ambulanz Fligeren erméiglechen eis Dag fir Dag, Liewen ze retten. Joerelaang Erfahrung, baséierend op méi wéi 3.000 Missiounen am Joer hunn d ‘Luxembourg Air Rescue zu engem vun de weltwäite Leaderen um Gebitt vun der Loft Rettung an dem medizineschen Rapatriement gemaach.


Fir eist Team ze vergréisseren siche mir eng / een:


Receptionist/in – administrative/n Mataarbechter/in

40 Stonne pro Woch am CDI





Är Roll:

·       Éischten Uspriechpartner fir Visiteuren, Fournisseuren, Memberen etc.

·       Anhalen vun den Sécherheet s Bestëmmungen vum Flughafen

·       Gestioun vun der Telefonszentral

·       Support bei der Organisatioun vun internen an externen Evenementer

·       Gestioun vum internen an externen Courrier

·       Gestioun vun den Don ’en vun der Fondatioun Luxembourg Air Rescue (FLAR)

·       Gestioun vum Stock vun den Uniformen, den Bürosmaterialen an den Gadgéën

·       Allgemengen Schrëftverkéier

·       Divers aner administrative Aufgaben



Äre Profil:

·        Dir hutt en Diplom am administrative Beräich (Minimum DT/Bac) (+ 2 Jore Beruffserfahrung)

·        Dir schwätzt a schreift fléissend Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch an Englesch

·        Gutt Kenntnisser an den gängegen Computer Programmer (MS-Office)



Är Qualitéiten :

·        Dir kennt selbstänneg, verantwortungsvoll an organiséiert schaffen

·        Dir sidd ganz diskret an hutt e gepflegtent Erscheinungsbild

·        Flexibilitéit an Dynamik leien an Ärer Natur

·        Dir sidd vun éischter roueger Natur an Stress resistent

·        Teamgeescht ass fir Iech wichteg

·        Dir hutt d’ Fäegkeet mat Mënschen aus verschiddenen Beräicher an Kulturen ëmzegoen

·        Versteesdemech an en oppent Ouer fir eis Memberen si selbstverständlech

·        Enthusiasmus fir d' Loft Rettung hutt Dir selwer a kennt der och transportéieren

·        Frëndlechkeet ass eng Viraussetzung



Mir bidden:

·        Modern a spannend Aufgaben

·        Professionellt a multikulturellt Ëmfeld

·        Gutt individuell Weiderbildung an Entwécklung

-        Sympathescht Team

·        Attraktiv Sozialleeschtungen



Bei Astellung verlaangen mir en Auszoch aus dem Strof Register (Extrait casier judiciaire).



Wann Dir interesséiert sidd, da schéckt Äre Kandidatur mat enger rezenter Foto w.e.g. Mir freeë eis op Är Kandidatur!

ERFUERDERLECHSPROOCHEN
Fir fir dësen Job consideréiert ze ginn, ass et entscheedend, dat Dir Kenntnisser a folgenden Sproochen hutt
Lëtzebuergesch
LiesenC1 Autonomen Niveau
SchreiwenC1 Autonomen Niveau
SchwätzenC1 Autonomen Niveau
Franséisch
LiesenC1 Autonomen Niveau
SchreiwenC1 Autonomen Niveau
SchwätzenC1 Autonomen Niveau
Däitsch
LiesenB2 Avancéiert Mëttelstuf
SchreiwenB2 Avancéiert Mëttelstuf
SchwätzenB2 Avancéiert Mëttelstuf
Englesch
LiesenB2 Avancéiert Mëttelstuf
SchreiwenB2 Avancéiert Mëttelstuf
SchwätzenB2 Avancéiert Mëttelstuf
Jobkategorie
Fluchgesellschaften, Aviatioun & Weltraum
Detailer
Aarbechtsform
Vollzäit
Aart vu Kontrakt
Permanente Kontrakt
Standuert
Land
Lëtzebuerg
Stad
Findel
Wielt eng Optioun fir Iech ze bewerben
Manuell aginn
Mat Indeed bewerben
Skeeled schonn virdrun benotzt?
Méi spéit bewerben
Dateschutzrichtlinn
Powered by