Wëllkomm
Dir sidd am Gaang Äre Bewerbungsprozess unzefänken fir:
een Onqualifizéierten Polyvalenten Mataarbechter (w/m/x) - fir hir Déierenpensioun HoKa zu Lampech
Dir hutt 8D an 3St bis dësen Job zougemaach gëtt
Bewerbungen kënnen erageschéckt ginn bis den 04/05/2025
Méi Jobs uweisen
Klickt fir méi Jobméiglechkeeten
een Onqualifizéierten Polyvalenten Mataarbechter (w/m/x) - fir hir Déierenpensioun HoKa zu Lampech
Schlussdatum04/05/2025

D'APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hir Déierenpensioun HoKa zu Lampech, Onqualifizéierten Polyvalenten Mataarbechter (w/m/x) fir ee CDD  (Dispense an een Congé de Maternité ze ersetzen) - Vollzäit, fir direkt oder no Ofsprooch.

 

Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif ...).

 

Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.

 


Responsabilitéiten


Är Aarbechten sinn

  • Botzen vun den Hond- an Kazengeheger

  • Fiederung an Beschäftegung vun Hond an Kaz

  • am Kontakt mam Client sinn

  • Betreiung vun enger Equipe vun Mataarbechter mat enger intellektueller Beanträchtegung

 

Obligatoresch Ufuerderungen


Dir sollt Folgendes als Viraussetzung matbréngen:

  • D'Verhalen vun Hënn a Kazen kënnen

  • Sënn fir Verantwortung hunn fir en optimalen professionellen Encadrement vu Persounen mat enger intellektueller Beanträchtegung ze garantéiere

  • Flexibilitéit um Niveau vun den Aarbechtszäiten hunn (Schichten sinn tëschent 6h00 an 21h30):

  • Lëtzebuergesch schwätzen kennen

  • De Führerschäin Klass B hunn

 

Mir bidden


  • attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen

  • en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung

 

ERFUERDERLECHSPROOCHEN
Fir fir dësen Job consideréiert ze ginn, ass et entscheedend, dat Dir Kenntnisser a folgenden Sproochen hutt
Lëtzebuergesch
LiesenB1 Mëttelstuf
SchreiwenB1 Mëttelstuf
SchwätzenB1 Mëttelstuf
Däitsch
LiesenB1 Mëttelstuf
SchreiwenB1 Mëttelstuf
SchwätzenB1 Mëttelstuf
Franséisch
LiesenB1 Mëttelstuf
SchreiwenB1 Mëttelstuf
SchwätzenB1 Mëttelstuf
Detailer
Aarbechtsform
Vollzäit
Aart vu Kontrakt
Fixzäitkontrakt
Stonnen pro Woch
40
Standuert
Land
Lëtzebuerg
Stad
Lampech
Wielt eng Optioun fir Iech ze bewerben
Manuell aginn
Mat Indeed bewerben
Skeeled schonn virdrun benotzt?
Méi spéit bewerben
Dateschutzrichtlinn
Powered by