Welcome
You are about to start your application process for:
Marketing & Partnership Koordinator
View more jobs
Click to discover more job opportunities
Marketing & Partnership Koordinator

Gegrënnt am Joer 1988, ass d ‘Luxembourg Air Rescue haut mat iwwer 180.000 Memberen déi gréissten A.s.b.l. zu Lëtzebuerg. Een Team vun iwwer 190 héichqualifizéierten Mataarbechter, 6 Rettungshelikopteren a 5 Ambulanz Fligeren erméiglechen eis Dag fir Dag, Liewen ze retten. Joerelaang Erfahrung, baséierend op méi wéi 3.000 Missiounen am Joer hunn d ‘Luxembourg Air Rescue zu engem vun de weltwäite Leaderen um Gebitt vun der Loft Rettung an dem medizineschen Rapatriement gemaach.

 

Dir hutt Talent fir Kommunikatioun a Verkaf – awer keng klassesch Marketing-Ausbildung? Perfekt! Mir sichen eng Persoun mat Begeeschterung, Iwwerzeegungskraaft a Mënschekenntnis, déi eis Missioun mat Energie no baussen dréit. Mir hunn eng fräi Positioun als


Marketing & Partnership Koordinator (m/w)

40 Stonne pro Woch am CDI


Är Aufgab:

·         Dir gewannt nei Partner a Memberen fir eis Organisatioun

·         Dir bréngt eis Missioun ënner d’ Leit – iwwer Eventer, Medien a Social Media

·         Dir hëlleft bei der Organisatioun

·         Dir schreift oder verbessert Texter fir Broschüren, Posts oder Radiospot

·         Dir schafft enk zesummen mat engem kreativen Team a Marketing-Profien

·         Dir maacht och administrative Aarbechten wéi zum Beispill Matschaffen bei d’Gestioun vum Budget, Offeren a Rechnungen

 

Äre Profil :

  • Dir hutt Erfarung am Verkaf, Event Management, Medien oder engem anere kommunikativen oder kreativen Beräich

  • Dir sidd eng natierlech kommunikativ Persoun – viru Leit an och um Telefon

  • Dir hutt fléissend Sprooch Kenntnisser, geschriwwe wéi och geschwat, an den offiziellen Sproochen vun Lëtzebuerg an och am Engleschen.

  • Dir kënnt gutt mat de gängege Computer Programmer ëmgoen.

 

Äre Qualitéiten :

  • Selbstänneg, responsabel, organiséiert an konzentréiert

  • Flexibilitéit an Dynamik, wéi och groussen Teamgeescht

  • Diskretioun a Loyalitéit sinn Iech wichteg

  • Den Ëmgang mat Mënschen aus verschiddenen Beräicher a Kulturen fält Iech liicht

 

Mir bidden :

  • Modern a spannend Aufgaben an engem engagéierten Team

  • Professionellt a multikulturellt Ëmfeld

  • Méiglechkeet fir Weiderbildung an perséinlech Entwécklung

  • Attraktiv Sozialleeschtungen a kollegial Zesummenaarbecht

 

Bei Astellung verlaangen mir en Auszoch aus dem Strof Regëster (Extrait Casier Judiciaire).

 

Wann Dir interesséiert sidd, da schéckt Äre Kandidatur mat enger rezenter Foto w.e.g. Mir freeë eis op Är Kandidatur!

Details
Employment type
Full-Time
Contract type
Permanent contract
Hours per week
40
Location
Country
Luxembourg
City
Findel
Select an option to apply
Enter manually
Apply with Indeed
Used skeeled before?
Apply Later
Privacy Policy
Powered by