Wëllkomm
Dir sidd am Gaang Äre Bewerbungsprozess unzefänken fir:
CJF_20250604 - 2 Mataarbechter mat Masterofschloss (m/w/x) – 40St/ Woch – CDI - KJT - Hesperange
Méi Jobs uweisen
Klickt fir méi Jobméiglechkeeten
CJF_20250604 - 2 Mataarbechter mat Masterofschloss (m/w/x) – 40St/ Woch – CDI - KJT - Hesperange


Caritas Jeunes et Familles ass eng Associatioun, déi zanter méi wéi 38 Joer besteet an iwwert 750 Mataarbechter huet.

 
Eis Missioun ass et, d'Zukunft vun Äre Kanner a Jonken zesummen ze gestalten. Mir si Member vun der Bientraitance a.s.b.l..
Eis Aktivitéiten, Projeten a professionel Haltungen baséieren op de Prinzipie vun der Solidaritéit, der Wertschätzung an dem geigensäitegen Vertrauen.

Vir eist Team vun der BEESECURE Helpline/BEE SECURE Stopline ze verstäerke, siche mir zwee
Mataarbechter mat Masterofschloss fir eise Service KJT.

 

D'BEE SECURE Helpline ass e Berodungsservice fir Froen am Zesummenhang mat der sécherer Notzung vun den  digitale Medien, an d'BEE SECURE Stopline ass eng anonym Plattform wou illegal Inhalter gemellt kënne ginn.

 

Aarbechtsberäich:

- BEE SECURE Helpline: Berodung (Telefon an Online) an Dokumentatioun

- Beaarbechtung vun de Meldunge vun der BEE SECURE Stopline

- Rechtlech/technesch Analyse vun Online Inhalter

- Kommunikatioun mat spezifeschen Autoritéiten an internationalen Uspriechpartner

- Duerchféierung an Auswäertung vu Recherchen a schrëftlech Opbereedung vun de Resultater

- Redaktioun vu fachlechen Artikelen

- Leede vu Weiderbildunge fir benevole Mataarbechter a Fachpersonal

 

Mir erwaarden:

- Gutt Teamfäegkeet

- Ofgeschlossen Héichschoulstudien am Beräich Psychologie, Pädagogik, Kriminologie, Jura oder Informatik

- Belaaschtbarkeet a gutt Selbstvirsuerg 

- Interesse u Safer Internet Themen

- Informatik-Kenntnisser

- Nieft den übleche Landessproochen si gutt Engleschkenntnisser onerlässlech (B2)

- Erfarungen an der Berodungsaarbecht sinn erwënscht

- Flexibilitéit

 

Mir bidden:

- Abindung an en engagéiert Fachteam

- E wäertschätzend Aarbechtsklima

- Supervisioun

- Gestaltungsfräiraum fir eegen Ideeën

- Beschäftegung mat den aktuellen Erausfuerderunge vum Jugendschutz am Internet

- Mataarbecht un engem sécheren Internet fir Kanner

 

D’Leit ginn nom Kollektivvertrag CCT-SAS vum soziale Secteur bezuelt (Carrière C7). En Extrait vum Casier judiciaire Nummer 3, 4 a 5 gëtt am Fall vun enger Astellung gefrot.

 

Fir méi Informatiounen iwwer eis Aktivitéit, besicht eis Websäit : www.cjf.lu a www.kjt.lu

 

Les informations recueillies font l’objet d’un traitement destiné à permettre à Caritas Jeunes et Familles a.s.b.l. la gestion de la demande qu’elle reçoit. Elles sont destinées aux membres et aux services de Caritas Jeunes et Familles a.s.b.l. conformément au règlement (UE) 2016/679 du Parlement européen et du Conseil relatif à la protection des données à caractère personnel (RGPD)

Jobkategorie
Bildung & Erzéiung
Detailer
Aarbechtsform
Vollzäit
Aart vu Kontrakt
Permanente Kontrakt
Standuert
Land
Lëtzebuerg
Stad
Hesperange
Wielt eng Optioun fir Iech ze bewerben
Manuell aginn
Mat Indeed bewerben
Skeeled schonn virdrun benotzt?
Méi spéit bewerben
Dateschutzrichtlinn
Powered by