Wëllkomm
Dir sidd am Gaang Äre Bewerbungsprozess unzefänken fir:
Ed. dipl. / gradué (m/w/d) - Wunngrupp fir Kanner a Jugendlecher zu Miersch (Haus 6) - CDD - 100%
Méi Jobs uweisen
Klickt fir méi Jobméiglechkeeten
Ed. dipl. / gradué (m/w/d) - Wunngrupp fir Kanner a Jugendlecher zu Miersch (Haus 6) - CDD - 100%

Am Kader vun engem Ersatz fir eng Dispense, e Conge de maternité an uschléissend e Congé parental, sicht d’Fondatioun tzebuerger Kannerduerf fir hir Kanner- a Jugendwunngrupp zu Miersch, d'Haus 6, bis inklusiv September 2026:


Een Educateur diplômé oder gradué (m/w/d)

CDD 100 %

Är Aufgaben :

  • Ëmsetzung a Sécherung vun enger qualitativ héichwäerteger pedagogescher Betreiung

  • Dir schafft am deeglechen Encadrement vu Jugendlechen

  • Treffe vun Alldagsentscheedungen an Ëmsetzung vun dësen Entscheedungen no Récksprooch mam Chef de groupe an de Mataarbechterinnen

  • Garantéiere vun engem pedagogesch séchere Kader, deen et de Kanner a Jugendlechen erlaabt sech weider ze entwéckelen

  • Dir huelt verantwortungsvoll un Teambespriechungen, Formatiounen a Supervisiounen deel a bannt Iech aktiv mat an

  • Dir sidd Bezuchserzéier vun engem oder zwee Kanner

Äre Profil:

  • Dir hutt en unerkannten Diplom oder eng Equivalenz mat der „autorisation d‘exercer“ als Educateur diplômé oder en unerkannten Diplom als Educateur gradué oder eng Equivaleznz

  • Dir hutt eng zilorientéiert a strukturéiert Aart a Weis ze schaffen

  • Dir hutt eng gutt Beobachtungs- a Reflexiounsfäegkeet

  • Fäegkeet fir systemesch-, ressourcen- a léisungsorientéiert Denken an Handelen

  • Teamfäegkeet a Bereetschaft an engem multidisziplinären Team ze schaffen

  • Führerschäin (B)

  • Sproochen: Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch, all weider Sproochen si vu Virdeel

  • Dag- an Nuetsschichte souwéi Weekendaarbecht a Feierdeeg

Mir bidden:

  • Dir sidd een Deel vun engem zouverlässegen a kompetenten Acteur an der Kanner- a Jugendhëllef

  • Dir schafft am deeglechen Encadrement vun eise Kanner an/oder Jugendlechen

  • Weiderbildungen, Fallsupervisiounen a Formatiounen (mat besonneschem Fokus op Traumapedagogik)

  • Remuneratioun an Reegelung vun den Aarbechtszäite laut SAS Kollektivvertrag CCT-SAS (C4 oder C6)

  • Sympass Kaart

Mir bieden Iech folgend Dokumenter am Formulaire eropzelueden:

  • Liewenslaf mat Foto

  • Motivatiounsbréif

  • Kopie vum Diplom

  • Droit d'excercer (fir den Educateur diplômé)


Am Fall vun engem Recrutement, gidd dir d'Casiers judiciaires n°3, n°4 a n°5 gefroot.


ERFUERDERLECHSPROOCHEN
Fir fir dësen Job consideréiert ze ginn, ass et entscheedend, dat Dir Kenntnisser a folgenden Sproochen hutt
Lëtzebuergesch
LiesenB2 Avancéiert Mëttelstuf
SchreiwenB2 Avancéiert Mëttelstuf
SchwätzenB2 Avancéiert Mëttelstuf
Franséisch
LiesenB2 Avancéiert Mëttelstuf
SchreiwenB2 Avancéiert Mëttelstuf
SchwätzenB2 Avancéiert Mëttelstuf
Däitsch
LiesenB2 Avancéiert Mëttelstuf
SchreiwenB2 Avancéiert Mëttelstuf
SchwätzenB2 Avancéiert Mëttelstuf
mindestens gefuerdertEducatioun
Diploméierten Éducateur (14e)
Jobkategorie
Sozial Aarbecht
Detailer
Aarbechtsform
Vollzäit
Aart vu Kontrakt
Fixzäitkontrakt
Stonnen pro Woch
40
Standuert
Land
Lëtzebuerg
Stad
Mersch
Secteur d'activité
Encadrement
Lieu d'affectation
Maison 6
Contract Type
Fixed Term contract
Wielt eng Optioun fir Iech ze bewerben
Manuell aginn
Mat Indeed bewerben
Skeeled schonn virdrun benotzt?
Méi spéit bewerben
Dateschutzrichtlinn
Powered by