Är Aufgaben:
Leedung vum Team vum Familljestäerkungsdéngscht ;
Ambulant Begleedung vu Familljen a schwierege Liewenssituatiounen ;
Ëmsetzung vun den Konditiounen déi an der Convention-cadre festgehal sinn ;
Ëmsetzung vun den organisatiounsiwwergräifenden konzeptuelle Grondlagen ;
Asaz fir eng qualitativ héichwäerteg Betréiung vun de begleete Familljen ;
Gestioun vum Joresbudget an Erstellung vum Budget prévisionnel ;
Gestioun vun der Auslaaschtung vun de Mataarbechter a vun den Disponibilitéite vum Service ;
Organisatioun vun Teamversammlungen, Mataarbechtergespréicher, Supervisiounen ;
Zesummenaarbecht mat der „Chargée de direction prestations ambulatoires“.
Äre Profil:
En unerkannten Diplom oder eng Equivalenz
Sproochen: Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch
Führerschäin
Freed un der Verantwortung, staarken Team(leedungs)geescht, Leedungskompetenzen
Kloert Engagement, de spezifeschen Aarbechtsoptrag vun dësem Service ëmzesetzen a qualitativ weider ze entwéckelen
Gudde Stress- a Krisemanagement, esouwuel fir sech perséinlech wéi och mam Bléck op d’Team
Eng Zousazausbildung am Beräich Traumapädagogik an/oder Systemik ass vu Virdeel, eng Bereetschaft zur Weiderbildung ass eng Viraussetzung
Disponibilitéit vir variabel Aarbechtszäiten
Mir bidden:
Dir sidd een Deel vun engem zouverlässegen a kompetenten Acteur an der Kanner- a Jugendhëllef
Eng diversifizéiert an interessant Aarbecht mat engem dynameschen Team
Weiderbildung an de Beräicher, Bindung an Trauma, Kanner a Jugendschutz
Reegelméisseg Teamversammlungen, Supervisiounen, Formatiounen
Remuneratioun laut Kollektivvertrag CCT-SAS (C4 oder C6 laut Diplom)
Sympass Kaart
Mir bieden Iech folgend Dokumenter am Formulaire eropzelueden:
Motivatiounsbréif
Liewenslaf mat Foto
Kopie vum Diplom
Droit d'excercer fir den Educateur diplômé