arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 e kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn. Sie bitt e kollektiivt Aarbechtsëmfeld, dat Eegeninitiativ an Autonomie fërdert a gläichzäiteg fir déi néideg Ënnerstëtzung, Leedung a Begleede suergt. arcus asbl bitt hire Mataarbechter e stabelt a frëndlecht Aarbechtsëmfeld an engem schnellliewege Secteur mat Zukunft.
Mir siche fir eise Service „Hausmeeschteren“ (Services Généraux), baséiert zu Izeg: Student (M/W/NB) wärend der Summervakanz mat 40 Stonnen/Woch (Dauer: +- 4 Wochen; ab dem 1 August)
Responsabilitéiten:
Du ënnerstëtz d‘Hausmeeschtere fir den Entretien vun eise verschidde Strukturen a Bausseberäicher (Freischneider, Méimaschinne, Motorsee, kleng Reparaturen, Reinigung, etc.)
Viraussetzungen:
Du hues minimum 18 Joer
Du hues Erfarung mat handwierklechen an techneschen Aarbechten
Du kanns an enger Ekipp schaffen a bass verantwortungsbewosst
Du hues de Permis B (Camionnette <3500 kg)
Bass du intresséiert? Dann schéck eis deng Demande mat engem CV, Motivatiounsbréif an engem Certificat de scolarité
Mir zielen op dech.