Fondation Lëtzebuerger Kannerduerf
Är Aufgaben:
• Dir iwwerhuelt d’ambulant sozialpädagogësch Begleedung vu vu Kanner, hiere Elteren an hierer Famill a schwierege Liewenssituatiounen
• Ëmsetzung a Sécherung vun enger qualitativ héichwäerteger Betreiung
• Orientéierung un de gesetzleche Grondlagen, de Konditiounen déi an der Convention-cadre festgehale sinn, dem nationale Rahmenplan vun der Kanner- a Familljenhëllef souwéi och den organisatiounsiwwergräifende konzeptuelle Grondlagen
• Dir huelt un Teambespriechungen, Formatiounen a Supervisiounen deel a bannt Iech aktiv mat an
• Optragszoustellung a Facturatioun iwwert accords de prise en charge (APC) vum Office National de l’Enfance (mesure 8.1)
• Zesummenaarbecht mat de professionelle Partner vun der AEF
• Erstellung vu Berichter an Dokumentatioun
•
Äre Profil:
• Dir hutt en unerkannten Diplom vum Educateur diplômé mat der « autorisation d‘exercer »
• Dir hutt eng wäertschätzend Haltung an Handlungskompetenz an der Zesummenaarbecht mat de Kanner, Jugendlech a jonken Erwuessene souwéi och den Elteren/ Familljen.
• Dir hutt Verantwortungsbewosstsein a staarken Teamgeescht.
• Fachlech Kenntnisser an de Beräicher SOP, Bindung an Trauma, Kanner- a Jugendschutz, systemesch- ressourcen- a léisungsorientéiertem Denken si vu Virdeel, eng Bereetschaft zur Weiderbildung ass eng Viraussetzung.
• Dir sidd bereet, Är Aarbechtszäite flexibel de Bedierfnisser vun Äre Clienten unzepassen, dat heescht: Dir sidd tëscht Méindes bis a Samschdes am Asaz och bis an den Owend eran.
• Dir hutt e gudde Stress- a Krisemanagement.
• Dir hutt gutt redaktionell Fäegkeeten.
• Dir schwätzt Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch, a villäicht nach eng véiert Sprooch.
• Dir hutt e Führerschäi B an een eegenen Auto
Mir bidden:
• Eng diversifizéiert an interessant Aarbecht bei engem zouverlässegen a kompetenten Acteur an der Kanner- a Jugendhëllef.
• Reegelméisseg Weiderbildung an de Beräicher Bindung an Trauma, Kanner- a Jugendschutz.
• Reegelméisseg Teamversammlungen, Supervisiounen, Formatiounen.
• Remuneratioun laut Kollektivvertrag CCT-SAS.
• Sympass Kaart.
Mir bieden Iech folgend Dokumenter am Formulaire eropzelueden:
• Liewenslaf mat Foto
• Motivatiounsbréif
• Kopie vum Diplom
• Autorisation d'exercer
Am Fall vun engem Recrutement, gidd dir d'Casiers judiciaires n°3, n°4 a n°5 gefroot.