D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Léit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hire Familljen, sicht fir hiren neie Service « Accueil séquentiel » Een diploméierten Pédagogue / Psychologue/ Thérapeute (w/m/x) – fir een CDI – 20 bis 40 Stonnen/Woch fir direkt oder no Ofsprooch.
Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif ...).
Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.
Dier hudd Loscht un engem neien Projet mattzewierken an dësen ze gestalten, vun senger Konzeptioun bis zu der konkreter Emsetzung, dann sidd dier déi Persoun déi mier sichen.
RESPONSABILITÉITEN
· Konzeptioun a Redaktioun vum pädagogesche Konzept
· Entwëcklung vum Fonctionnement an der Organisatioun vum neie Service
· Aktiv Emsetzung vum Konzept zesummen matt enger engagéierter Equipe
OBLIGATORESCH UFUERDERUNGEN
D' Kandidate sollen:
· Eng solidd Experienz am Beraich vun der der Begleedung vu Kanner a Jonken mat spezifesche Besoinen an/oder der Kanner- & Jugendpsychiatrie hunn
· Eng Liichtegkeet an der Redaktioun vu Konzepter hunn
· Am Besetz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom sinn.
· Iwwert Flexibilitéit, Motivatioun an Eegeninitiativ verfügen.
· D’Fäegkeet hunn esouwuel eegestänneg ewéi och am Team ze schaffen
· Erfahrung am Projektmanagement oder dem Lancement vun neien Offeren ass een Atout.
· Déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen.
· De Führerschäin Klass B hunn.
Mir bidden
· attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen.
· en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Ziel vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung.