D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht een diploméierten Aide-Soignant fir een CDI - 20 Stonnen/Woch, fir d'Nuetsschichten um Centre Nossbierg – Roude Fiels 1 + 2 - fir ab dem 15.09.2025
Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif, Autorisation d'exercer ...).
Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.
Responsabilitéiten
Betreiung an Fleege vun erwuessene Léit mat enger intellektueller Beanträchtegung.
Obligatoresch Ufuerderungen
D’Kandidate sollen:
Am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom sinn
Beruffserfarung hunn
Sënn vu Verantwortung hunn fir en optimalen professionellen Encadrement vu Persounen mat enger intellektueller Beanträchtegung ze garantéieren
Iwwert Flexibilitéit, Motivatioun an Eegeninitiativ verfügen
Eegestänneg an organiséiert schaffe kënnen
Déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen
De Führerschäin Klass B hunn
Mir bidden
attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen
en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung