Wëllkomm
Dir sidd am Gaang Äre Bewerbungsprozess unzefänken fir:
Een Aide-Soignant oder Educateur (w/m/x) - am Senior 2 um Nossbierg
Dir hutt 18D an 2St bis dësen Job zougemaach gëtt
Bewerbungen kënnen erageschéckt ginn bis den 05/10/2025
Méi Jobs uweisen
Klickt fir méi Jobméiglechkeeten
Een Aide-Soignant oder Educateur (w/m/x) - am Senior 2 um Nossbierg
Schlussdatum05/10/2025

D'APEMH - Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht een Aide-Soignant oder Educateur (w/m/x) fir 20 Stonnen/Woch - am Senior 2 um Nossbierg, op onbestëmmten Zäit.

 

 

Job description

 

Mir bidden Iech d'Geleeënheet, Deel vun enger engagéierter a multidisziplinärer Ekipp ze ginn, déi d'Aufgab huet, Senioren mat enger intellektueller Beanträchtegung am Respekt vun de Wäerter ze begleeden, fir déi d'APEMH sech asetzt.


Mir sichen eng Mataarbechterin oder e Mataarbechter, déi / deen iwwer Erfahrung an Kompetenzen am Beräich vun der Fleeg esouwéi och an der Begleedung a Berodung vun de Bewunner an hire perséinleche Projeten verfüügt.


Wann dëse Posten Äert Interesse fënnt, zéckt net, eis Är komplett Kandidatur eran ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif, ...).

 


 

Obligatoresch Ufuerderungen

 

D'Kandidate sollen:

·         am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom sinn

·         Sënn vu Verantwortung hunn, fir en optimalen professionellen Encadrement vu Persounen mat enger intellektueller Beanträchtegung ze garantéieren

·         iwwert Flexibilitéit, Motivatioun an Eegeninitiativ verfügen

·         eegestänneg an organiséiert schaffen kënnen

·         déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen

·         de Führerschäin Klass B hunn

 

 

 

Mir bidden

 

·         attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen

·         en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung.



Detailer
Aarbechtsform
Deelzäit
Aart vu Kontrakt
Permanente Kontrakt
Stonnen pro Woch
20
Standuert
Land
Lëtzebuerg
Stad
Nossbierg
Jobkategorie
Gesondheet
mindestens gefuerdertEducatioun
Niveau Première
ERFUERDERLECHSPROOCHEN
Fir fir dësen Job consideréiert ze ginn, ass et entscheedend, dat Dir Kenntnisser a folgenden Sproochen hutt
Lëtzebuergesch
LiesenB2 Avancéiert Mëttelstuf
SchreiwenB2 Avancéiert Mëttelstuf
SchwätzenB2 Avancéiert Mëttelstuf
Däitsch
LiesenB1 Mëttelstuf
SchreiwenB1 Mëttelstuf
SchwätzenB1 Mëttelstuf
Franséisch
LiesenB1 Mëttelstuf
SchreiwenB1 Mëttelstuf
SchwätzenB1 Mëttelstuf
Wielt eng Optioun fir Iech ze bewerben
Manuell aginn
Mat Indeed bewerben
Skeeled schonn virdrun benotzt?
Méi spéit bewerben
Dateschutzrichtlinn
Powered by