Är Aufgaben:
Ëmsetzung a Sécherung vun enger qualitativ héichwäerteger pedagogescher Betreiung
Dir schafft am deeglechen Encadrement vu Kanner a Jugendlechen
Treffe vun Alldagsentscheedungen an Ëmsetzung vun dësen Entscheedungen no Récksprooch mam Chef de groupe an de Mataarbechterinnen
Garantéiere vun engem pedagogesch séchere Kader, deen et de Kanner a Jugendlechen erlaabt sech weider ze entwéckelen
Dir huelt verantwortungsvoll un Teambespriechungen, Formatiounen a Supervisiounen deel a bannt Iech aktiv mat an
Dir sidd Bezuchserzéier vun engem oder zwee Kanner
Äre Profil:
Dir hutt eng zilorientéiert a strukturéiert Aart a Weis ze schaffen
Dir hutt eng gutt Beobachtungs- a Reflexiounsfäegkeet
Fäegkeet fir systemesch-, ressourcen- a léisungsorientéiert Denken an Handelen
Teamfäegkeet a Bereetschaft an engem multidisziplinären Team ze schaffen
Führerschäin (B)
Sproochen: Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch, all weider Sproochen si vu Virdeel
Dag- an Nuetsschichte souwéi Weekendaarbecht a Feierdeeg
Wichtegen Acteur an der Kanner- a Familljenhëllef zu Lëtzebuerg, d’Fondatioun Lëtzebuerger Kannerduerf begleet zanter bal 60 Joer Kanner, Jugendlecher a Familljen an entscheedende Momenter vun hirem Liewen. Präsent zu Miersch, am SOS Kannerduerf, souwéi op verschiddene weidere Plazen am Land, entwéckelt d’Fondatioun Opnamstrukture a pedagogesch innovativ Projeten, baséiert op Respekt, Bientraitance an Autonomie.
Amgaang sech weider ze entwéckelen, stäerkt si haut hir Kompetenzen, fir de soziale wéi och educative Fuerderunge vu muer gerecht ze ginn, mat engem déifmënschlechen a festen Engagement.
Mir bidden:
Eng diversifizéiert an interessant Aarbecht bei engem zouverlässegen a kompetenten Acteur an der Kanner- a Jugendhëllef.
Reegelméisseg Weiderbildung an de Beräicher Bindung an Trauma, Kanner- a Jugendschutz.
Reegelméisseg Teamversammlungen, Supervisiounen, Formatiounen.
Remuneratioun laut Kollektivvertrag CCT-SAS C4.
Sympass Kaart.
Mir bieden Iech folgend Dokumenter am Formulaire eropzelueden:
Motivatiounsbréif
Liewenslaf mat Foto
Kopie vum Diplom
Autorisation d'excercer
Am Fall vun engem Recrutement, gidd dir d'Casiers judiciaires n°3, n°4 a n°5 gefroot.