Bienvenue
Vous êtes en train de commencer votre processus de candidature pour:
NEW Agent administratif - Focus (M/W/NB)
NEW Agent administratif - Focus (M/W/NB)

arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 en kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Si ass am Beräich vun der Aide à l’enfance et à la famille an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an d'Erfarungen vu senge Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn. Si bitt en kollektiivt Aarbechtsëmfeld, dat Eegeninitiativ an Autonomie fërdert a gläichzäiteg fir déi néideg Ënnerstëtzung, Leedung a Begleedung suergt. Arcus asbl bitt hire Mataarbechter en stabelt a frëndlecht Aarbechtsëmfeld an engem schnellliewege Secteur mat Zukunft.


Mir siche fir eise Service Focus : Agent administratif (M/W/NB) - 32-40 Stonnen/Woch CDI


Beim Focus, dem Kompetenz- an Entwécklungszenter vun arcus, stinn d’pädagogesch Fachleit an d’Institutiounen am Mëttelpunkt. Hei schaffen engagéiert Pädagogen a Fachbegleeder Hand an Hand un der Qualitéitsentwécklung, der professioneller Begleedung an der Konzeptioun vun neie pädagogesche Weeër. De Focus proposéiert individualiséiert Formatiounen, pädagogesche Support, Teamsupervisiounen souwéi individuell a kollektive Coaching. De Fokus: déi Fachleit ze stäerken, déi all Dag mat Kanner schaffen – fir datt si mat Kompetenz, Vertrauen a Freed hiren Alldag gestalte kënnen. Wou Qualitéit, Mënschlechkeet a Professionalitéit sech begéinen, entsteet e Raum fir Wuesstum an Entwécklung – fir d’Fachleit selwer an d’Kanner, déi se begleeden.


Responsabilitéiten

  • Gestioun an administrative Suivi vun de Formatiounen déi de Service Focus ubitt, vun der Planifikatioun bis zur Realisatioun a Facturatioun

  • Gestioun vun den Emailen, Courrier an Uriff

  • Gestioun vun den Dokumenter a Verbindung mat de Formatiounen (Kontrakter mat de Formateuren, Presenzlëschten, Zertifikaten,...)

  • Logistesch Gestioun vum Material

  • Accueil vun de Participanten an de Formateuren, souwéi de Clienten an de Fournisseuren

  • Verwaltung vun der deeglecher administrativer Aarbecht


Obligatoresch Ufuerderungen

  • Du hues een Diplom als « DAP/CATP agent administratif et commercial »

  • Du hues e puer Joer Beruffserfarung

  • Du kanns flexibel an autonom schaffen, hues awer och ee staarken Teamgeescht

  • Du schaffs mat grousser Prezisioun a Grëndlechkeet

  • Du hues ee gudde Kontakt mam Client

  • Du hues ganz gutt Kenntnisser am „MS Office“

  • Du kanns Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch an Englesch schwätzen a schreiwen


Mir bidden

  • Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen

  • Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS

  • En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt, fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen

  • Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass

  • En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld


(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)

Détails
Type d'emploi
Temps plein, Temps partiel
Type de contrat
Contrat à durée indéterminée
Heures par semaine
32
Localisation
Pays
Luxembourg
Ville
Luxembourg
Catégorie d'emploi
Administratif
minimum requisEducation
Diplôme d'aptitude professionnelle (DAP)
Emploi
Administrativ
Type de Contrat
CDI
Durée de Travail
Temps plein
LANGUES OBLIGATOIRES
Pour être pris en considération pour ce job, il est essentiel que vous ayez des connaissances dans les langues suivantes
Luxembourgeois
LireC1 Autonome
ÉcrireC1 Autonome
ParlerC1 Autonome
Allemand
LireB2 Avancé/indépendant
ÉcrireB2 Avancé/indépendant
ParlerB2 Avancé/indépendant
Français
LireB2 Avancé/indépendant
ÉcrireB2 Avancé/indépendant
ParlerB2 Avancé/indépendant
Anglais
LireB2 Avancé/indépendant
ÉcrireB2 Avancé/indépendant
ParlerB2 Avancé/indépendant
Sélectionner une option pour postuler
Remplir manuellement
Postuler avec Indeed
Déjà utilisé skeeled?
Postuler plus tard
Powered by