Wëllkomm
Dir sidd am Gaang Äre Bewerbungsprozess unzefänken fir:
Chef de groupe (m/w/d) - CDD 100 % - Saccly zu Ierpeldeng
Méi Jobs uweisen
Klickt fir méi Jobméiglechkeeten
Chef de groupe (m/w/d) - CDD 100 % - Saccly zu Ierpeldeng

D'Fondatioun Lëtzebuerger Kannerduerf stellt

een Educateur diplômé oder een Educateur gradué als Chef de Groupe an


fir seng Jungendwunngrupp "Saccly" zu Ierpeldeng


CDD vollzäit fir eng Dispense, Congé de maternité an eventuell e Congé parental ze ersetzen


Är Aufgaben :

  • Ëmsetzung a Sécherung vun enger qualitativ héichwäerteger pedagogescher Betreiung, fir d’Wuel vun de Jugendlechen

  • Leedung vun engem Wunngrupp mat Jugendlechen an engem Mataarbechterteam

  • Ëmsetzung vun de Konditiounen déi an der Convention-cadre festgehale sinn

  • Ëmsetzung vun den organisatiounsiwwergräifende konzeptuelle Grondlagen

  • Dir schafft am deeglechen Encadrement mat eise Jugendlechen

  • Zesummenaarbecht mam Chargé de Direction a vernetzt mat all de Chef de Groupen aus den anere Beräicher vum SOS Kannerduerf Lëtzebuerg souwéi mat extern Partner ;

  • Verantwortung fir d'Gestioun vum Budget

  • Organisatioun vun Teamversammlungen, Mataarbechtergespréicher, Supervisiounen


Äre Profil:

  • Dir hutt en unerkannten Diplom als Educateur diplômé mat der „autorisation d‘exercer” an 8 bis 10 Joer Erfarung an enger änlecher Positioun. Oder Dir hutt En unerkannte Bachelor Studium an der Sozialpädagogik / Éducateur gradué oder eng Equivalenz

  • Fäegkeet fir systemesch-, Ressourcen- a léisungsorientéiert Denken an Handelen

  • Leedungs- a Féierungskompetenzen

  • Fachkompetenzen an de Beräicher Bindung an Trauma, Kanner- an Jugendschutz

  • Motivatioun, Wäertschätzung an Handlungskompetenz an der Zesummenaarbecht mat den Elteren/ Familljen

  • Motivatioun zu flexibelen Aarbechtszäiten, orientéiert um Bedarf vun de Jugendlechen an de Mataarbechter/innen

  • Dir sidd bereet Dag- an Nuetsschichten, souwéi Weekends a Feierdeeg ze schaffen

  • Wäertschätzend a sécher Gespréichsféierung

  • Fäegkeet fir eng qualitativ héichwäerteg Dokumentatioun

  • Sproochen: Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch, weider Sproochen si vu Virdeel

  • Führerschäin (Klass B)


Mir bidden :

  • Dir sidd een Deel vun engem zouverlässegen a kompetenten Acteur an der Kanner- a Jugendhëllef

  • Weiderbildung an de Beräicher, Bindung an Trauma, Kanner a Jugendschutz

  • Reegelméisseg Teamversammlungen, Supervisiounen, Formatiounen

  • Remuneratioun laut Kollektivvertrag CCT-SAS (C4 oder C6 laut Diplom)

  • Sympass Kaart


Mir bieden Iech folgend Dokumenter am Formulaire eropzelueden :

  • Motivatiounsbréif

  • Liewenslaf mat Foto

  • Kopie vum Diplom

  • Autorisation d'excercer


Am Fall vun engem Recrutement, gidd dir d'Casiers judiciaires n°3, n°4 a n°5 gefroot.

Detailer
Aarbechtsform
Vollzäit
Aart vu Kontrakt
Fixzäitkontrakt
Stonnen pro Woch
40
Standuert
Land
Lëtzebuerg
Stad
Erpeldange
Jobkategorie
Sozial Aarbecht
mindestens gefuerdertEducatioun
Diploméierten Éducateur (14e)
Secteur d'activité
Éducateur diplômé
Lieu d'affectation
Saccly
Contract Type
Fixed Term contract
ERFUERDERLECHSPROOCHEN
Fir fir dësen Job consideréiert ze ginn, ass et entscheedend, dat Dir Kenntnisser a folgenden Sproochen hutt
Lëtzebuergesch
LiesenC1 Autonomen Niveau
SchreiwenC1 Autonomen Niveau
SchwätzenC1 Autonomen Niveau
Franséisch
LiesenC1 Autonomen Niveau
SchreiwenC1 Autonomen Niveau
SchwätzenC1 Autonomen Niveau
Däitsch
LiesenC1 Autonomen Niveau
SchreiwenC1 Autonomen Niveau
SchwätzenC1 Autonomen Niveau
Wielt eng Optioun fir Iech ze bewerben
Manuell aginn
Mat Indeed bewerben
Skeeled schonn virdrun benotzt?
Méi spéit bewerben
Dateschutzrichtlinn
Powered by