D'Fondatioun Lëtzebuerger Kannerduerf stellt
een Educateur gradué als Chef de Groupe an
fir seng Kanner- a Jungendwunngrupp "Maison 5" zu Miersch
CDD vollzäit fir eng Dispense, Congé de maternité an eventuell e Congé parental ze ersetzen
Är Aufgaben :
Ëmsetzung a Sécherung vun enger qualitativ héichwäerteger pedagogescher Betreiung, fir d’Wuel vun de Jugendlechen
Leedung vun engem Wunngrupp mat Jugendlechen an engem Mataarbechterteam
Ëmsetzung vun de Konditiounen déi an der Convention-cadre festgehale sinn
Ëmsetzung vun den organisatiounsiwwergräifende konzeptuelle Grondlagen
Dir schafft am deeglechen Encadrement mat eise Jugendlechen
Zesummenaarbecht mam Chargé de Direction a vernetzt mat all de Chef de Groupen aus den anere Beräicher vum SOS Kannerduerf Lëtzebuerg souwéi mat extern Partner ;
Verantwortung fir d'Gestioun vum Budget
Organisatioun vun Teamversammlungen, Mataarbechtergespréicher, Supervisiounen
Äre Profil:
Dir hutt en unerkannte Bachelor Studium an der Sozialpädagogik / Éducateur gradué oder eng Equivalenz
Fäegkeet fir systemesch-, Ressourcen- a léisungsorientéiert Denken an Handelen
Leedungs- a Féierungskompetenzen
Fachkompetenzen an de Beräicher Bindung an Trauma, Kanner- an Jugendschutz
Motivatioun, Wäertschätzung an Handlungskompetenz an der Zesummenaarbecht mat den Elteren/ Familljen
Motivatioun zu flexibelen Aarbechtszäiten, orientéiert um Bedarf vun de Jugendlechen an de Mataarbechter/innen
Dir sidd bereet Dag- an Nuetsschichten, souwéi Weekends a Feierdeeg ze schaffen
Wäertschätzend a sécher Gespréichsféierung
Fäegkeet fir eng qualitativ héichwäerteg Dokumentatioun
Sproochen: Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch, weider Sproochen si vu Virdeel
Führerschäin (Klass B)
Mir bidden :
Dir sidd een Deel vun engem zouverlässegen a kompetenten Acteur an der Kanner- a Jugendhëllef
Weiderbildung an de Beräicher, Bindung an Trauma, Kanner a Jugendschutz
Reegelméisseg Teamversammlungen, Supervisiounen, Formatiounen
Remuneratioun laut Kollektivvertrag CCT-SAS (C6 laut Diplom)
Sympass Kaart
Schéckt aer Kandidature online op a lued folgend Dokumenter erop :
Motivatiounsbréif
CV mat Foto
Kopie vum Diplom
Am Fall vun engem Recrutement, gidd dir d'Casiers judiciaires n°3, n°4 a n°5 gefroot.
