Bienvenue
Vous êtes en train de commencer votre processus de candidature pour:
NEW Educateur diplômé (M/W/NB) - Internat Stad Lëtzebuerg
NEW Educateur diplômé (M/W/NB) - Internat Stad Lëtzebuerg

Mir siche fir d'Internat Stad Lëtzebuerg en Educateur diplômé (M/W/NB) am CDI mat 30 Stonnen/Woch


D'Internat Stad Lëtzebuerg ass en Internat fir Jongen am Häerz vun der Stad Lëtzebuerg. Hei ginn ronn 46 Jonk an hirem Alldag ënnerstëtzt – sozio-emotional ewéi och schoulesch – a ginn doduerch zu aktiven Acteure vun hirer eegener Zukunft. Als Deel vun eiser engagéierter a multidisziplinärer Ekipp kanns du deng pedagogesch Erfarung a Kreativitéit abréngen an aktiv dozou bäidroen, een inspiréierenden a nohaltege Liewens- a Léierëmfeld fir d'Schüler ze gestalten.


Deng Aufgaben:

  • Encadrement vu Jugendlechen tëschent 12 an 25 Joer an hirem Alldag

  • Entwécklung vu Bildungssettings, déi individuell un d’Entwécklung vun de Jugendleche ugepasst sinn, sou datt si sech beschtméiglech op d’Ufuerderunge vun der Schoul virbereede kënnen

  • Uleedung zu engem kreative Bildungs- a Fräizäitverhalen

  • Ënnerstëtzung bei allen alldagsprakteschen Aufgaben am Hibléck op d‘Verselbstännegung vun den Jugendlecher

 

Däi Profil:

  • Du hues een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom

  • Du bass op fir Neies a kanns flexibel an autonom schaffen

  • Du bass strukturéiert, organiséiert a kanns gutt observéieren an dokumentéieren

  • Du bass kreativ an der Gestaltung vu Bildungsprozesser

  • Du kanns Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch schwätzen

  • Du bass flexibel wat d’Aarbechtszäiten ugeet (Dag- a Nuetsschichten)

 

Wat dech erwaart:

  • Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen

  • Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS

  • En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen

  • Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass

  • En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld

 

Iwwert eis :

arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 e kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Si ass am Beräich vun der Aide à l’enfance et à la famille an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu sengen 1500 Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn.


(bei enger Astellung froe mir de casier judiciaire)

Détails
Type d'emploi
Temps partiel
Type de contrat
Contrat à durée indéterminée
Heures par semaine
30
Localisation
Pays
Luxembourg
Ville
Hollerich
Catégorie d'emploi
Pédagogue social
minimum requisEducation
Diplôme d'éducateur (14e)
Expériences professionnelles requisesen années
3 années ou plus
Emploi
Encadrement
Type de Contrat
CDI
Durée de Travail
Temps partiel
Type de Structure
AEF
LANGUES OBLIGATOIRES
Pour être pris en considération pour ce job, il est essentiel que vous ayez des connaissances dans les langues suivantes
Luxembourgeois
LireC1 Autonome
ÉcrireC1 Autonome
ParlerC1 Autonome
Français
LireC1 Autonome
ÉcrireC1 Autonome
ParlerC1 Autonome
Allemand
LireC1 Autonome
ÉcrireC1 Autonome
ParlerC1 Autonome
Sélectionner une option pour postuler
Remplir manuellement
Postuler avec Indeed
Déjà utilisé skeeled?
Postuler plus tard
Powered by