Bienvenue
Vous êtes en train de commencer votre processus de candidature pour:
NEW Aide socio-familiale / Auxiliaire de vie (M/W/NB) - Betreit Wunnen (Regioun Zentrum-Süden)
NEW Aide socio-familiale / Auxiliaire de vie (M/W/NB) - Betreit Wunnen (Regioun Zentrum-Süden)

Mir siche fir eise Service „Betreit Wunnen“ (Regioun Zentrum - Süden): Aide socio-familiale / Auxiliaire de vie (M/W/NB) am CDI mat 40 Stonnen/Woch


D’Betreit Wunnen bitt jonken Erwuessenen am Alter vu 17 bis 27 Joer d’Méiglechkeet, eng autonom a selbststänneg Liewens- an Handlungsweis ze entwéckelen. An engem multidisziplinären Team ginn si individuell beroden, opgeholl an op hirem perséinleche Wee begleet. De Service stellt de Jonken entweder en Zëmmer an enger Wunngemeinschaft oder ee Studio zur Verfügung. All Mataarbechter.in profitéiert vu reegelméissege Fall- an Teamsupervisiounen, souwéi vun Eenzelcoachingen mam Chef de Groupe. Dëst erméiglecht eng kontinuéierlech Reflexioun, perséinlech Weiderentwécklung an eng gutt Virbereedung op d’Erausfuerderunge vum professionellen Alldag.


Deng Aufgaben:

  • Du bass verantwortlech fir 6–10 Wunngemeinschafte mat jeeweils 3–6 jonken Erwuessenen

  • Du begleets jonk Erwuessener (17–27 Joer) an hire verschiddene Liewensberäicher

  • Du mëss wéchentlech individuell Rdv’en mat de Jonken

  • Du vermëttels Alldags- a Liewenskompetenzen (Raumen, Botzen, Wäschen, Akafen, Kachen, Ënnerhalt vun Haushaltsapparater, etc.)

  • Du keefs Material fir d’Wunnengen an a këmmers dech ëm de Suivi vun der Facturatioun

  • Du dokumentéiers deng Interventioune bei de Jonken

  • Du hëls Deel u Gruppen- an Teamversammlungen

 

 Däi Profil:

  • Du hues een Diplom als Auxiliaire de vie oder eng Ausbildung als Aide socio-familiale

  • Du hues minimum 5 Joer Beruffserfarung an engem änleche Posten

  • Du kanns flexibel an autonom schaffen, hues awer och ee staarken Teamgeescht

  • Du hues ee gudde Kontakt zu jonken Erwuessener an hues d’Fäegkeet se individuell ze beroden a begleeden

  • Du kanns Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch schwätzen a schreiwen, Englesch ass vu Virdeel

  • Du hues e Führerschäin (Kategorie B)

 

Wat dech erwaart:

  • Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen

  • Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS

  • En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen

  • Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun dengem Beruff bass

  • En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld

 

Iwwert eis:

arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 e kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance et à la famille an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge 1500 Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn.

 

(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)

Détails
Type d'emploi
Temps plein
Type de contrat
Contrat à durée indéterminée
Heures par semaine
40
Localisation
Pays
Luxembourg
Ville
Itzig
Catégorie d'emploi
Pédagogue social
minimum requisEducation
Autre
Expériences professionnelles requisesen années
5 années ou plus
Durée de Travail
Temps plein
Type de Contrat
CDI
Emploi
Encadrement
Type de Structure
AEF
LANGUES OBLIGATOIRES
Pour être pris en considération pour ce job, il est essentiel que vous ayez des connaissances dans les langues suivantes
Luxembourgeois
LireB2 Avancé/indépendant
ÉcrireB2 Avancé/indépendant
ParlerB2 Avancé/indépendant
Allemand
LireB2 Avancé/indépendant
ÉcrireB2 Avancé/indépendant
ParlerB2 Avancé/indépendant
Français
LireB1 Niveau seuil
ÉcrireB1 Niveau seuil
ParlerB1 Niveau seuil
Sélectionner une option pour postuler
Remplir manuellement
Postuler avec Indeed
Déjà utilisé skeeled?
Postuler plus tard
Powered by