Bienvenue
Vous êtes en train de commencer votre processus de candidature pour:
NEW Chef de groupe (M/W/NB) - Betreit Wunnen
NEW Chef de groupe (M/W/NB) - Betreit Wunnen

Mir siche fir eise Service „Betreit Wunnen“: Educateur gradué / Assistant social (M/W/NB) am CDI mat 40 Stonnen/Woch


D’Betreit Wunnen bitt jonken Erwuessenen am Alter vu 17 bis 27 Joer d’Méiglechkeet, eng autonom a selbststänneg Liewens- an Handlungsweis ze entwéckelen. An engem multidisziplinären Team ginn si individuell beroden, opgeholl an op hirem perséinleche Wee begleet. De Service stellt de Jonken entweder en Zëmmer an enger Wunngemeinschaft oder ee Studio zur Verfügung. All Mataarbechter profitéiert vu reegelméissege Fall- a Teamsupervisiounen, souwéi vun Eenzelcoachingen mam Chef de Groupe. Dëst erméiglecht eng kontinuéierlech Reflexioun, perséinlech Weiderentwécklung an eng gutt Virbereedung op d’Erausfuerderunge vum professionellen Alldag.


Deng Aufgaben:

  • Fachlech an organisatoresch Leedung vun der Regioun Zentrum vum Service

  • Opbau a Fleeg vun engem Netzwierk mat wichtegen Acteuren aus dem soziale Beräich an der Regioun Zentrum

  • Enkt Zesummeschaffen mat internen an externe Kooperatiounspartneren

  • Organisatioun a Moderatioun vun Teamversammlungen

  • Organisatioun an Duerchféierung vu reegelméissege Mataarbechtercoachingen

  • Sécherstelle vun der pädagogescher Qualitéit an enger konformer, professioneller Dokumentatioun

  • Féiere vun Zilvereinbarungs- an Evaluatiounsgespréicher mat jonken Erwuessenen

  • Fachlech a methodesch Ënnerstëtzung vun der Ekipp an der individueller Begleedung vun de jonken Erwuessenen

  • Iwwerhuele vun enger transparenter a kloer definéierter Schnëttstell tëschent dem Team an der Direktioun/Leedung

 

 Däi Profil:

  • Du hues een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom am soziale Beräich

  • Du hues mindestens 5 Joer Beruffserfarung am edukativen oder sozialpädagogesche Beräich

  • Du fills dech fäeg a bereet Verantwortung fir eng Ekipp ze iwwerhuelen

  • Du hues de Fürerschäin B an een eegenen Auto

  • Du bass bereet deng Aarbechtsgestaltung selbststänneg ze iwwerhuelen a flexibel Auerzäiten ze schaffen

  • Du hues deng Stäerkten am Beroden a Begleede vun individuelle Projeten, erkenns Ressourcen a weess wéi een dës weiderentwéckelen an asetze kann

  • Du bass motivéiert a flexibel an engem Ëmfeld ze schaffen an deem Imprevuen a Changementer Deel vun denger Aarbecht sinn

  • Du kanns esouwuel selbststänneg, ewéi och an der Ekipp schaffen

  • Du kanns Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch an Englesch schreiwen a schwätzen, all weider Sprooch ass vu Virdeel

  • Weiderbildungen an/oder praktesch Erfarung an de follgende Beräicher ass vu Virdeel: Deseskalatiounsmanagement, Systemesch Autoritéit, Systemesch Berodung

 

Wat dech erwaart:

  • Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen

  • Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS

  • En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen

  • Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun dengem Beruff bass

  • En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld

 

Iwwert eis:

arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 e kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance et à la famille an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge 1500 Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn.

 

(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)

Détails
Type d'emploi
Temps plein
Type de contrat
Contrat à durée indéterminée
Heures par semaine
40
Localisation
Pays
Luxembourg
Ville
Itzig
Catégorie d'emploi
Pédagogue social
minimum requisEducation
Bachelor
Emploi
Encadrement
Type de Contrat
CDI
LANGUES OBLIGATOIRES
Pour être pris en considération pour ce job, il est essentiel que vous ayez des connaissances dans les langues suivantes
Luxembourgeois
LireC1 Autonome
ÉcrireC1 Autonome
ParlerC1 Autonome
Allemand
LireC1 Autonome
ÉcrireC1 Autonome
ParlerC1 Autonome
Français
LireC1 Autonome
ÉcrireC1 Autonome
ParlerC1 Autonome
Anglais
LireB2 Avancé/indépendant
ÉcrireB2 Avancé/indépendant
ParlerB2 Avancé/indépendant
Sélectionner une option pour postuler
Remplir manuellement
Postuler avec Indeed
Déjà utilisé skeeled?
Postuler plus tard
Powered by