Bienvenue
Vous êtes en train de commencer votre processus de candidature pour:
NEW Handwierker (M/W/NB) - Neie Projet Hand & Wierk
NEW Handwierker (M/W/NB) - Neie Projet Hand & Wierk

Mir siche fir eisen neie Projet Hand & Wierk zu Itzeg een Handwierker (M/W/NB) am CDI mat 40 Stonnen/Woch. 


Du hues Loscht op eng spannend an inspiréierend Erausfuerderung?

Du wëlls mat Jonken zesummeschaffen, hinnen Handwierk no bréngen a se op hirem Wee an d’Beruffsliewe begleeden?

Da bass du bei eis genee richteg!


Eisen neie Projet Hand & Wierk huet als Zil, Jonker op hirem Wee an eng berufflech an autonom Zukunft ze ënnerstëtzen. An engem geschützte Kader, verbonne mat konkreten Aarbechtsplazen a verschiddenen Handwierks- a Praxisberäicher, bidde mir hinnen eng éischt berufflech Erfarung an eng Bréck an den oppenen Aarbechtsmarché. De Projet ass innovativ ugeluecht a bitt eng laangfristeg Perspektiv – fir déi Jonk wéi och fir eis Mataarbechter:innen. 


Deng Aufgaben: 

  • Begleedung vu Jonken an hirer berufflecher a perséinlecher Entwécklung

  • Schafe vun engem zoutraulechen Aarbechtsëmfeld, an deem Jonker praktesch Erfarung sammelen an u Selbstvertrauen gewannen fir hir berufflech Zukunft ze gestalten

  • Praktesch Handwierksaarbecht zesumme mat de Jonken

  • Fërdere vu fachleche Kompetenzen a Sozialfäegkeeten

  • Entwécklung a Leedung vu Workshops an Atelieren, déi un d’Realitéite vun der Aarbechtswelt ugepasst sinn

  • Zesummenaarbecht mat Schoulen, Formatiounsinstituter, Employeuren an anere Partner

 

 Däi Profil: 

  • Du hues eng a Lëtzebuerg unerkannten Ausbildung als Handwierker (Geselle/Meister) oder en Diplom als Aarbechtspädagog

  • Du hues mindestens 5 Joer Beruffserfarung am Handwierk

  • Du hues Erfarung oder ee staarken Interessi un der Aarbecht mat Jonken

  • Du bass bereet en innovative Projet aktiv mat opzebauen 

  • Du bass motivéiert Jonker fir d’Beruffswelt ze begeeschteren

  • Du hues Interessi a Freed un praktescher Handwierksaarbecht mat Jonken

  • Du hues Freed dorunner Jonker ze begleeden, an hinne Struktur, Sécherheet an Inspiratioun ze bidden

  • Du bréngs Empathie, Gedold a gutt Kommunikatiounsfäegkeeten mat

  • Du bass bass fäeg, souwuel am Team wéi och autonom ze schaffen

  • Du hues ee Fürerschäin

  • Du hues Sproochekenntnisser a Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch (minimum Niveau B1)

 

Wat dech erwaart: 

  • Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen 

  • Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS 

  • En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen 

  • Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun dengem Beruff bass 

  • En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld 

 

Iwwert eis: 

arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 e kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Si ass am Beräich vun der Aide à l’enfance et à la famille an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu sengen 1500 Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn. 

 

(bei enger Astellung froe mir de Casier judiciaire) 

Détails
Type d'emploi
Temps plein
Type de contrat
Contrat à durée indéterminée
Heures par semaine
40
Localisation
Pays
Luxembourg
Ville
Luxembourg
Catégorie d'emploi
Travail qualifié/Artisanat
minimum requisEducation
Diplôme d'aptitude professionnelle (DAP)
Emploi
Encadrement
Type de Contrat
CDI
Durée de Travail
Temps plein
Type de Structure
AEF
LANGUES OBLIGATOIRES
Pour être pris en considération pour ce job, il est essentiel que vous ayez des connaissances dans les langues suivantes
Luxembourgeois
LireB1 Niveau seuil
ÉcrireB1 Niveau seuil
ParlerB1 Niveau seuil
Allemand
LireB1 Niveau seuil
ÉcrireB1 Niveau seuil
ParlerB1 Niveau seuil
Français
LireB1 Niveau seuil
ÉcrireB1 Niveau seuil
ParlerB1 Niveau seuil
Sélectionner une option pour postuler
Remplir manuellement
Postuler avec Indeed
Déjà utilisé skeeled?
Postuler plus tard
Powered by