Bienvenue
Vous êtes en train de commencer votre processus de candidature pour:
NEW Educateur gradué / Assistant social (M/W/NB) - Betreit Wunnen (Regioun Süden)
NEW Educateur gradué / Assistant social (M/W/NB) - Betreit Wunnen (Regioun Süden)

Mir siche fir de Service Betreit Wunnen (Regioun Süden): Educateur gradué / Assistant social (M/W/NB) am CDI mat 40 Stonnen/Woch


D’Betreit Wunnen bitt jonken Erwuessenen am Alter vu 17 bis 27 Joer d’Méiglechkeet, eng autonom Liewens- an Handlungsweis z’entwéckelen. Op Aenhéicht bereet eis multidisziplinär Ekipp déi Jonk op hir Zukunft vir a begleet si op hirem Wee an d’Onofhängegkeet. Dozou gehéiert, datt déi Jonk een eegent Zëmmer an enger Wunngemeinschaft oder e Studio zur Verfügung gestallt kréien. Fir d’Qualitéit vun der Aarbecht ze stäerken, hunn d’Mataarbechter duerch Supervisiounen an Eenzelcoachings mam Chef de Groupe d’Méiglechkeet, sech ze reflektéieren an sech perséinlech ewéi och fachlech weiderz’entwéckelen. Sou sinn si optimal op déi berufflech Erausfuerderungen am Alldag virbereet.


Deng Aufgaben:

  • Verantwortung fir 2-3 Wunngemeinschaften am Süden vum Land

  • Begleedung an Ënnerstëtzung vun 7-8 jonken Erwuessenen an hirem Alldag (Wéchentlech Eenzelgespréicher, Ausschaffe vun Ziler, Anbléck an déi finanziell Situatioun, asw.)

  • Ausféieren vu sozialpädagogeschen Opträg

  • Plangen an Ausféieren vu Gruppenaktivitéiten

  • Koordinatioun an Zesummenaarbecht mat internen an externen Kooperatiounspartner

  • Planifikatioun a Leedung vu Grupperversammlungen


Däi Profil:

  • Du hues een a Lëtzebuerg unerkannten Bachelor-Diplom am sozio-edukative Beräich

  • Du hues Beruffserfarung mat jonken Erwuessenen

  • Du bass bereet deng Aarbechtsgestaltung selbststänneg ze iwwerhuelen a flexibel Auerzäiten ze schaffen

  • Du hues deng Stäerkten am Beroden a Begleeden vun individuelle Projeten, erkenns Ressourcen a weess wéi een dës weiderentwéckelen an asetze kann

  • Du kanns esouwuel selbststänneg, ewéi och an der Ekipp schaffen

  • Du kanns Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch an Englesch schwätzen, all aner Sproch ass vu Virdeel

  • Du hues den Fürerschäin B an en eegenen Auto


Waat dech erwaart:

  • Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen

  • Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS

  • En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen

  • Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass

  • En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld

 

Iwwert eis:

arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 e kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance et à la famille an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge 1500 Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn.

 

(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)

Détails
Type d'emploi
Temps plein
Type de contrat
Contrat à durée indéterminée
Heures par semaine
40
Localisation
Pays
Luxembourg
Ville
Itzig
Catégorie d'emploi
Pédagogue social
minimum requisEducation
Bachelor
Emploi
Encadrement
Type de Contrat
CDI
Durée de Travail
Temps plein
Type de Structure
AEF
LANGUES OBLIGATOIRES
Pour être pris en considération pour ce job, il est essentiel que vous ayez des connaissances dans les langues suivantes
Luxembourgeois
LireB2 Avancé/indépendant
ÉcrireB2 Avancé/indépendant
ParlerB2 Avancé/indépendant
Allemand
LireB2 Avancé/indépendant
ÉcrireB2 Avancé/indépendant
ParlerB2 Avancé/indépendant
Français
LireB2 Avancé/indépendant
ÉcrireB2 Avancé/indépendant
ParlerB2 Avancé/indépendant
Anglais
LireB2 Avancé/indépendant
ÉcrireB2 Avancé/indépendant
ParlerB2 Avancé/indépendant
Sélectionner une option pour postuler
Remplir manuellement
Postuler avec Indeed
Déjà utilisé skeeled?
Postuler plus tard
Powered by