Wëllkomm
Dir sidd am Gaang Äre Bewerbungsprozess unzefänken fir:
NEW Therapeutesche Beroder (M/W/NB) – CST (Stad)
NEW Therapeutesche Beroder (M/W/NB) – CST (Stad)

Mir siche fir eise neien Centre de jour socio-thérapeutique (Stad): Therapeutesche Beroder (M/W/NB) am CDI mat 30 Stonnen/Woch


Am Centre de jour socio-thérapeutique begleet eis multidisziplinär Equipe 6 Kanner am Prinzip am Alter vu 6 bis 12 Joer. Fir all Kand gëtt et een individuelle Plang, deen am Laf vu senger Entwécklung ëmmer erëm ugepasst gëtt. Mir gesinn d’Verhale vum Kand als seng Beméiung seng Struktur ze erhalen an als déi, zu dem Zäitpunkt, beschtméiglech Léisung. Mir baue Bezéiung ob an ënnerstëtzen d’Kand, dass hat och a, fir hat, iwwerfuerderneden Momenter ob seng Ressourcen zréckgräife kann. Mir schafe Bewosstsinn fir eis eege Prozesser an Empfanne mat der Fro: Wat mëscht dat Verhale vum Kand mat mir ? Sou gi mir an eng perséinlech Entwécklung, fir dem Kand een ëmmer bessert Géintiwwer ze sinn.


Deng Aufgaben:

  • Begleedung vu Kanner am Alter vu 6 - 12 Joer an hirem Alldag

  • Therapeutesch an intensiv-pädagogesch Ënnerstëtzung vun de Kanner

  • Kooperatioun mat der pädagogescher Equipe, mat externe Partner a mat de Familljen

  • Matgestalte vun enger neier Struktur zu Lëtzebuerg


Däi Profil:

  • Du hues een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom an der Psychologie oder änlechem

  • Du hues pedagogesch Kompetenzen am Ëmgang mat Kanner

  • Du hues mindestens 5 Joer Erfarung am Beräich vun der Kanner- a Jugendhëllef

  • Du bass op fir Neies a kanns flexibel an autonom schaffen

  • Du kanns Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch schwätzen

  • Du hues d'Fäegkeet an d‘Bereetschaft zu Selbstreflexioun a Selbstregulatioun


Wat dech erwaart:

  • Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen

  • Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS

  • En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen

  • Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun dengem Beruff bass

  • En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld


Iwwert eis:

arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 en kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kenne ginn. Sie bitt en kollektiivt Aarbechtsëmfeld, dat Eegeninitiativ an Autonomie fërdert a gläichzäiteg fir déi néideg Ënnerstëtzung, Leedung a Begleede suergt. arcus asbl bitt hire Mataarbechter en stabelt a frëndlecht Aarbechtsëmfeld an engem schnellliewege Secteur mat Zukunft.


(bei enger Astellung froe mir de Casier judiciaire)

Detailer
Aarbechtsform
Deelzäit
Aart vu Kontrakt
Permanente Kontrakt
Stonnen pro Woch
30
Standuert
Land
Lëtzebuerg
Stad
Luxembourg
Jobkategorie
Sozialpedagog
mindestens gefuerdertEducatioun
Master
Erfuerderlech Beruffserfarunga Joren
5 oder méi Joer
Emploi
Encadrement
Type de Contrat
CDI
Durée de Travail
Temps partiel
Type de Structure
AEF
ERFUERDERLECHSPROOCHEN
Fir fir dësen Job consideréiert ze ginn, ass et entscheedend, dat Dir Kenntnisser a folgenden Sproochen hutt
Lëtzebuergesch
LiesenC1 Autonomen Niveau
SchreiwenC1 Autonomen Niveau
SchwätzenC1 Autonomen Niveau
Däitsch
LiesenC1 Autonomen Niveau
SchreiwenC1 Autonomen Niveau
SchwätzenC1 Autonomen Niveau
Franséisch
LiesenC1 Autonomen Niveau
SchreiwenC1 Autonomen Niveau
SchwätzenC1 Autonomen Niveau
Englesch
LiesenB2 Avancéiert Mëttelstuf
SchreiwenB2 Avancéiert Mëttelstuf
SchwätzenB2 Avancéiert Mëttelstuf
OPTIONELL SPROCHEN
Dës Sproochen sinn nëmmen optional mee ginn als Plus consideréiert.
LiesenB2 Avancéiert Mëttelstuf
SchreiwenB2 Avancéiert Mëttelstuf
SchwätzenB2 Avancéiert Mëttelstuf
Wielt eng Optioun fir Iech ze bewerben
Manuell aginn
Mat Indeed bewerben
Skeeled schonn virdrun benotzt?
Méi spéit bewerben
Dateschutzrichtlinn
Powered by