CDI 50 - 100% (m/w/d)
Fir eis verschidde Strukturen am Land
Miersch - Gralingen - Alzeng
Mir sichen engagéiert Fachleit, déi Kanner a Jugendlecher
wäertschätzend, ressourcenorientéiert an empathesch begleeden.
Dir sidd Auxiliaire de vie, Aide-éducateur oder Éducateur diplômé
an Dir wëllt Iech am soziale Beräich asetzen, Verantwortung iwwerhuelen
an e reelle Bäitrag fir d’Zukunft vu Kanner a Jugendleche leeschten?
Da kommt bei eis an eng Equipe, déi zesummenhält, déi Vertrauen an Engagement lieft,
an déi all Kand a senger Eenzegaartegkeet respektéiert an ënnerstëtzt.
Zesumme schafe mir e séchert, stabilt an respektvollt Ëmfeld, an deem Kanner a Jugendlech sech kënnen entwéckelen, wuessen an hir Stäerkte entdecken.
Mir freeën eis op Är Kandidatur !
Är Aufgaben:
Dir schafft am deeglechen Encadrement vu Kanner a Jugendlechen
Zesumme mat ären Team-KolleegInnen an a Récksprooch mam Chef de groupe suergt Dir fir e pedagogesch strukturéierten a séchere Kader, deen et de Kanner a Jugendlechen erlaabt, sech weider ze entwéckelen a selbststänneg ze ginn
Dir sidd Referenzerzéier vun engem oder zwee Kanner oder Jugendlechen
Äre Profil:
Dir hutt en unerkannten Ofschloss, deen de gesichte Profiller entsprëcht, souwuel wéi « d’Autorisation d’exercer » wann dir Educateur diplômé sidd oder d’« Formation de l’accueil de base » wann dir Aide-éducateur sidd
Dir sidd flexibel wat d‘Aarbechtszäiten ugeet (Dag- an Nuetschichten)
Dir sidd teamorientéiert a bereet an engem multidisziplinären Team ze schaffen
Dir hutt eng zilorientéiert a strukturéiert Aart a Weis ze schaffen
Dir hutt eng gutt Beobachtungs- a Reflexiounsfäegkeet
Dir hutt Spass un systemesch-, ressourcen- a léisungsorientéiertem Denken an Handelen
Dir hutt de Führerschäin (B)
Dir schwätzt Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch, all weider Sprooch assi vu Virdeel
Mir bidden:
Eng diversifizéiert an interessant Aarbecht bei engem zouverlässegen a kompetenten Acteur an der Kanner- a Jugendhëllef
Reegelméisseg Weiderbildung an de Beräicher Bindung an Trauma, SOP, Kanner- a Jugendschutz
Reegelméisseg Teamversammlungen, Supervisiounen, Formatiounen
Remuneratioun laut Kollektivvertrag CCT-SAS (C2 bis C4 laut Diplom)
Sympass Kaart
Mir bieden Iech folgend Dokumenter am Formulaire eropzelueden:
Motivatiounsbréif
Liewenslaf mat Foto
Kopie vum Diplom
Autorisation d'excercer (Educateur diplômé)
Am Fall vun engem Recrutement, gidd dir d'Casiers judiciaires n°3, n°4 a n°5 gefroot.
