Wëllkomm
Dir sidd am Gaang Äre Bewerbungsprozess unzefänken fir:
ee Psycholog / Master an der Psychologie oder Psychothérapie (w/m/x) - Centre Ressource Parentalité
Dir hutt 1D an 4St bis dësen Job zougemaach gëtt
Bewerbungen kënnen erageschéckt ginn bis den 05/04/2026
Méi Jobs uweisen
Klickt fir méi Jobméiglechkeeten
ee Psycholog / Master an der Psychologie oder Psychothérapie (w/m/x) - Centre Ressource Parentalité
Schlussdatum05/04/2026

D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hire « Centre Ressource Parentalité » - ee Psycholog / Master an der Psychologie oder Psychothérapie (w/m/x) fir ee CDI - 20 Stonnen/Woch fir direkt oder no Ofsprooch.

 

Wann den Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur eran ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif, ...).

 

Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.

 

 

Är Missiounen a Responsabilitéiten

 

  • individuell Begleedung vu Persoune mat enger intellektueller Beanträchtegung zu den Themen: Kannerwonsch, Schwangerschaft & Eltere sinn

  • reegelméisseg, begleedend an ënnerstëtzend, Gespréicher mat den Elteren doheem féieren

  • Evaluatioun vun der Entwécklung vun de Kanner an hirem Liewensëmfeld

  • Elaboratioun vu Bilane fir eng „évaluative-hypothèse diagnostique »

  • déi Professionels, an der Begleedung vun den Elteren, ennerstëtzen

  • Elaboratioun, Organisation & Animatioun vu partizipative Workshops fir d’Elteren

  • Animatioun vu Formatiounsmoduler fir d’Wësse vun de Professioneller, zu den Themen Beanträchtegung an Eltereschaft, ze erweideren

 


Äre Profil

 

  • Dir sidd am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom (Master en psychologie, psychothérapie) 

  • Dir hutt berufflech Erfarung a sidd bereet an der Familljenaarbecht bei de Familljen doheem, an der Zesummenaarbecht mat den Equipen an am insitutionelle Reseau ze schaffen

  • Dir hutt eng Liichtegkeet an der individueller Gespréichsféierung an an der Leedung vu Gruppesettings

  • Dir schwätzt déi 3 Landessproochen (Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch), all weider Sprooch ass vu Virdeel

  • Dir sidd empathesch, hutt e gudden Emgang mat Mënschen, en ausgepräägten Teamgeescht an eng grouss Kapazitéit fir nozelauschteren an Iech unzepassen

  • Dir sidd verantwortungsbewosst, autonom an hutt Erfarung fir Berichter op däitsch a franséisch ze schreiwen

  • Dir hudd de Führerschäin Klass B

 

Wënschenswäert Ufuerderungen

Zousatzsqualifikatiounen an Erfarung am Beräich vum Handicap an der Entwécklung vu Kanner si vu Virdeel.

 

 

Mir bdiden

 

  • attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen.

  • en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung.




Detailer
Aarbechtsform
Deelzäit
Aart vu Kontrakt
Permanente Kontrakt
Stonnen pro Woch
20
Standuert
Land
Lëtzebuerg
Stad
Bettange-sur-Mess
mindestens gefuerdertEducatioun
Master
ERFUERDERLECHSPROOCHEN
Fir fir dësen Job consideréiert ze ginn, ass et entscheedend, dat Dir Kenntnisser a folgenden Sproochen hutt
Lëtzebuergesch
LiesenB2 Avancéiert Mëttelstuf
SchreiwenB2 Avancéiert Mëttelstuf
SchwätzenB2 Avancéiert Mëttelstuf
Däitsch
LiesenB2 Avancéiert Mëttelstuf
SchreiwenB2 Avancéiert Mëttelstuf
SchwätzenB2 Avancéiert Mëttelstuf
Franséisch
LiesenB2 Avancéiert Mëttelstuf
SchreiwenB2 Avancéiert Mëttelstuf
SchwätzenB2 Avancéiert Mëttelstuf
Wielt eng Optioun fir Iech ze bewerben
Dateschutzrichtlinn
Powered by skeeled