Wëllkomm
Dir sidd am Gaang Äre Bewerbungsprozess unzefänken fir:
2 Auxiliaire de vie, Aide-éducateur oder Éducateur diplômé (m/w/d) - fir d'Jugendwunngrupp de Saccly zu Ierpeldeng - CDI 75%
Méi Jobs uweisen
Klickt fir méi Jobméiglechkeeten
2 Auxiliaire de vie, Aide-éducateur oder Éducateur diplômé (m/w/d) - fir d'Jugendwunngrupp de Saccly zu Ierpeldeng - CDI 75%

’Fondatioun Lëtzebuerger Kannerduerf stellt fir hier Jugendwunngrupp

de Saccly zu Ierpeldeng


engagéiert Fachleit déi Kanner a Jugendlecher

wäertschätzend, ressourcenorientéiert an empathesch begleeden.

Dir sidd Auxiliaire de vie, Aide-éducateur oder Éducateur diplômé
an Dir wëllt Iech am soziale Beräich asetzen, Verantwortung iwwerhuelen

an e reelle Bäitrag fir d’Zukunft vu Kanner a Jugendleche leeschten?

Da kommt bei eis an eng Equipe, déi zesummenhält, déi Vertrauen an Engagement lieft,
an déi all Kand a senger Eenzegaartegkeet respektéiert an ënnerstëtzt.

Zesumme schafe mir e séchert, stabilt an respektvollt Ëmfeld, an deem Kanner a Jugendlech sech kënnen entwéckelen, wuessen an hir Stäerkte entdecken.

Mir freeën eis op Är Kandidatur !


Är Aufgaben:

  • Dir schafft am deeglechen Encadrement vu Kanner a Jugendlechen

  • Zesumme mat ären Team-KolleegInnen an a Récksprooch mam Chef de groupe suergt Dir fir e pedagogesch strukturéierten a séchere Kader, deen et de Kanner a Jugendlechen erlaabt, sech weider ze entwéckelen a selbststänneg ze ginn

  • Dir sidd Referenzerzéier vun engem oder zwee Kanner oder Jugendlechen


Äre Profil:

  • Dir hutt en unerkannten Ofschloss, deen de gesichte Profiller entsprëcht, souwuel wéi « d’Autorisation d’exercer » wann dir Educateur diplômé sidd oder  d’« Formation de l’accueil de base » wann dir Aide-éducateur sidd

  • Dir sidd flexibel wat d‘Aarbechtszäiten ugeet (Dag- an Nuetschichten)

  • Dir sidd teamorientéiert a bereet an engem multidisziplinären Team ze schaffen

  • Dir hutt eng zilorientéiert a strukturéiert Aart a Weis ze schaffen

  • Dir hutt eng gutt Beobachtungs- a Reflexiounsfäegkeet

  • Dir hutt Spass un systemesch-, ressourcen- a léisungsorientéiertem Denken an Handelen

  • Dir hutt de Führerschäin (B)

  • Dir schwätzt Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch, all weider Sprooch assi vu Virdeel


Mir bidden:

  • Eng diversifizéiert an interessant Aarbecht bei engem zouverlässegen a kompetenten Acteur an der Kanner- a Jugendhëllef

  • Reegelméisseg Weiderbildung an de Beräicher Bindung an Trauma, SOP, Kanner- a Jugendschutz

  • Reegelméisseg Teamversammlungen, Supervisiounen, Formatiounen

  • Remuneratioun laut Kollektivvertrag CCT-SAS (C2 bis C4 laut Diplom)

  • Sympass Kaart


Mir bieden Iech folgend Dokumenter am Formulaire eropzelueden:

  • Motivatiounsbréif

  • Liewenslaf mat Foto

  • Kopie vum Diplom

  • Autorisation d'excercer (Educateur diplômé)


Am Fall vun engem Recrutement, gidd dir d'Casiers judiciaires n°3, n°4 a n°5 gefroot.

Detailer
Aarbechtsform
Deelzäit
Aart vu Kontrakt
Permanente Kontrakt
Stonnen pro Woch
30
Standuert
Land
Lëtzebuerg
Stad
Ierpeldeng
Jobkategorie
Sozial Aarbecht
Secteur d'activité
Encadrement
Lieu d'affectation
Saccly
Contract Type
Fixed Term contract
ERFUERDERLECHSPROOCHEN
Fir fir dësen Job consideréiert ze ginn, ass et entscheedend, dat Dir Kenntnisser a folgenden Sproochen hutt
Lëtzebuergesch
LiesenC1 Autonomen Niveau
SchreiwenC1 Autonomen Niveau
SchwätzenC1 Autonomen Niveau
Franséisch
LiesenC1 Autonomen Niveau
SchreiwenC1 Autonomen Niveau
SchwätzenC1 Autonomen Niveau
Däitsch
LiesenC1 Autonomen Niveau
SchreiwenC1 Autonomen Niveau
SchwätzenC1 Autonomen Niveau
Wielt eng Optioun fir Iech ze bewerben
Dateschutzrichtlinn
Powered by skeeled