Gegrënnt am Joer 1988, ass d ‘Luxembourg Air Rescue haut mat iwwer 180.000 Memberen déi gréisste A.s.b.l. zu Lëtzebuerg. Een Team vun iwwer 190 héichqualifizéierte Mataarbechter, 6 Rettungshelikopteren a 5 Ambulanzfligeren erméiglechen eis Dag fir Dag, Liewen ze retten. Jorelaang Erfarung, baséierend op méi wéi 3.000 Missiounen am Joer hunn d ‘Luxembourg Air Rescue zu engem vun de weltwäite Leaderen um Gebitt vun der Loftrettung an dem medezinesche Rapatriement gemaach.
Mir sichen aktuell:
En Employé administrativ mat Kenntnisser an der Comptabilitéit (m/w)
(onbefristen Aarbechtskontrakt mat 40 Stonnen/Woch)
Är Roll :
Dir ënnerstëtzt eis budgetär Comptabilitéit an de follgende Beräicher:
Buchung an Kontroll vun de Kreditkaarten Decompten, iwwert eise System Rydoo
Virbereedung an Ausstellung vu Rechnungen
Comptabilitéit a Gestioun vun de Keesen
Ufro vum Remboursement vun auslännescher TVA
Opstellung a Gestioun vun den INTRASTAT-/STATEC-Deklaratiounen
Erfaassung vun ënnerschiddleche Pièce Comptabel
Ënnerstëtzung bei de Paiementer vu Fournisseur Rechnungen
Ënnerstëtzung vun der Ekipp bei der Clôturë vum Mount
Äre Profil :
Dir hutt en Diplom an der “Gestion et Commerce” an hutt minimum 5 Joer Beruffserfarung an enger änlecher Positioun (Beruffserfarung an engem internationale Betrib gëtt als Virdeel ugesinn)
Gutt Kenntnisser am Lëtzebuergeschen, Engleschen, Däitschen a Franséischen, souwuel schrëftlech wéi mëndlech
Gutt Kenntnisser am MS Office (Outlook, Word, exzellent Excel-Kenntnisser si gewënscht)
Äre Qualitéiten :
Dir sidd organiséiert, schafft selbststänneg an analytesch,
Dir hutt e staarkt Zuelen- a Käschten Bewosstsinn
Dir sidd staark wann et em Zuelen a Käschte geet
Dir sidd extrem diskret
Nieft enger positiver Astellung zur Aarbecht bréngt Dir e staarken Teamgeescht an Engagement mat
Mir bidden :
· Modern a spannend Aufgaben
· Professionellt a multikulturellt Ëmfeld
· Gutt individuell Weiderbildung an Entwécklung
· Sympathescht Team
· Attraktiv Sozialleeschtungen
Bei Astellung verlaange mir en Auszoch aus dem Casier (Extrait Casier Judiciaire N°3).
Mir freeën eis op Är Kandidatur!
