Gegrënnt am Joer 1988, ass d ‘Luxembourg Air Rescue haut mat iwwer 180.000 Memberen déi gréissten A.s.b.l. zu Lëtzebuerg. Een Team vun iwwer 190 héichqualifizéierten Mataarbechter, 6 Rettungshelikopteren a 5 Ambulanz Fliegeren erméiglechen eis Dag fir Dag, Liewen ze retten. Joerelaang Erfahrung, baséierend op méi wéi 3.000 Missiounen am Joer hunn d ‘Luxembourg Air Rescue zu engem vun de weltwäite Leaderen um Gebitt vun der Loft Rettung an dem medizineschen Rapatriement gemaach.
Fir eis Équipe ze verstäerken siche mir eng/een:
Administrativ Assistent (-in) fir an eisen Personal Bureau
40 Stonne Woch am CDD (12 Méint)
Är Haaptaufgab besteet doran, eisen Departement vun den Ressource Humaines mat diversen, administrativen Tâchen ze ënnerstëtzen.
Är Roll:
Är Responsabilitéiten sinn ënnert anerem :
· Administrativ Gestioun vun de Recrutementer
· Mataarbecht um Dossier Formation Professionelle Continue
· Administrativ Gestioun vun de Präsenzen an den Absencen
· Gestioun an Suivi vun den Badgen
· All aner administrativ Aarbechten, déi an eisem Departement ufalen
Äre Profil:
· Dir hutt en DT an der Administratioun a Gestioun
· Erfarung am Beräich HR ass e Virdeel.
· Lëtzebuergesch ass ee Muss, grad esou wéi Englesch, Franséisch, an Däitsch
· Dir kennt Iech an den üblechen Computer Programmen gutt aus (MS-Office)
Är Qualitéiten:
· Frëndlecht an ee gepflegt Optrieden sinn fir Iech selbstverständlech
· Dir sidd diskret an dynamesch
· Dir kënnt gutt mat Leit ëmgoen
· Dir sidd vun Natur aus ganz gewëssenhaft a kënnt Iech gutt konzentréieren
· Dir hutt gutt Kommunikatiounsfäegkeeten
Mir bidden:
· Modern a spannend Aufgaben
· Professionellt a multikulturellt Ëmfeld
· Gutt individuell Weiderbildung an Entwécklung
- Sympathescht Team
· Attraktiv Sozialleeschtungen
Bei Astellung verlaange mir en Auszoch aus dem Casier (Extrait Casier Judiciaire N°3).
Mir freeën eis op Är Kandidatur!
