D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hire Service pédagogique am Departement Logement et Accueil de jour,
ee Pädagog (w/m/x)
fir 40 Stonnen/Woch - op onbestëmmten Zäit (CDI).
Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur eran ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif ...).
Am Fall vun enger Astellung gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.
Missioune
Als pädagogesche Referenzpartner spillt Dir eng zentral Roll an der Weiderentwécklung vun eiser Begleedung. An enker Zesummenaarbecht mat den Ekippen, de Persounen déi mir begleeden an der Direktioun, drot Dir aktiv zu enger qualitativ héichwäerteger, respektvoller a partizipativer Praxis bäi. Är Missioune sinn:
• Pädagogesch Berodung an Uleedung vun de Wunn- an Dagesstrukture fir eng qualitativ Begleedung vu Persoune mat enger intellektueller Beanträchtegung
• Opstellung, Koordinatioun an Ëmsetzung vun de perséinleche Liewensprojeten an Ko-Konstruktioun mat de Betraffenen
• Ënnerstëtzung vun den Ekippen an der Direktioun bei pädagogesche Fragestellungen
• Aktiv Matgestaltung bei der Entwécklung an dem Ëmsetze vu pädagogesche Konzepter a Prozesser op institutioneller Eben
Obligatoresch Ufuerderungen
een zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten pädagogeschen Diplom
Beruffserfarung am Opstelle vu pädagogesche Projeten
ee staarkt Verantwortungsgefill an eng ressourceorientéiert Haltung
Selbststännegkeet, Flexibilitéit an Initiativ an der Organisatioun vun Ärer Aarbecht
Freed um Schaffe an enger multidisziplinärer Ekipp
gutt Kenntnesser am Lëtzebuergeschen, Franséischen an Däitschen
Führerschäin Klass B
Wënschenswäert Ufuerderungen
Beruffserfarung a fundéiert Kenntnesser am Beraïch vun der intellektueller Beanträchtegung si vu Virdeel.
Mir bidden:
Schaffe bei eis heescht…
• an interdisziplinären, engagéierten Ekippen zesummeschaffen
• Verantwortung iwwerhuelen an aktiv matentscheeden
• pädagogesch Praxis weiderentwéckelen an innovativ matgestalten
• eng Aarbecht mat Impakt maachen
• Attraktiv Aarbechtsbedéngungen no dem CCT SAS (Carrière C7)
Mir vertrauen eise Mataarbechter*innen an ënnerstëtzen se dobäi, hir Stäerkten anzebréngen an sech fachlech a perséinlech weiderzëentwéckelen.
Carrière C7 - CCT SAS
