Wëllkomm
Dir sidd am Gaang Äre Bewerbungsprozess unzefänken fir:
ee Chargé de Direction (m/w/x) fir den Atelier d’Inclusion professionnelle (AIP) am Parc Merveilleux zu Beetebuerg
Dir hutt 29D an 13St bis dësen Job zougemaach gëtt
Bewerbungen kënnen erageschéckt ginn bis den 02/08/2026
Méi Jobs uweisen
Klickt fir méi Jobméiglechkeeten
ee Chargé de Direction (m/w/x) fir den Atelier d’Inclusion professionnelle (AIP) am Parc Merveilleux zu Beetebuerg
Schlussdatum02/08/2026

D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hire Familljen, sicht fir säin Atelier d’Inclusion professionnelle (AIP) am Parc Merveilleux zu Beetebuerg:


ee Chargé de Direction (m/w/x)

Vollzäit - op onbestëmmten Zäit

 

De Parc Merveilleux ass net nëmmen deen eenzegen Déiere- an Fräizäitparc zu Lëtzebuerg mat ronn 200 Déierenaarten aus 5 Kontinenten; et ass och eng Plaz wou Inklusioun all Daag geliewt gëtt.

Als Chargé de direction suergt dir an enker Zesummenarbecht matt der Direktioun vum Parc Merveilleux dofir, dass d‘Mataarbechter mat enger intellektueller Beanträchtigung een vollwertegen Deel vun der Arbechtswelt vum Parc sinn. Dir sidd verantwortlech fir de gudden Oflaf vum AIP a fir d’Wuelbefanne vun de Mataarbechter mat enger intellektueller Beanträchtigung.

 

Är Haaptmissiounen:

Am Respekt vun der Strategie an de Werter vun der APEMH, sidd Dir zoustänneg fir:

  • een inklusivt Arbechtsemfeld : : eng qualitativ Begleedung vun de Mataarbechter mat enger intellektueller Beanträchtigung an Organisatioun vun den Atelieren, fir hir Autonomie an hir sozial Inklusioun ze fërderen.

  • schaafen vun neien Ausbildungs- an Arbechtsplaatzen 

  • die Administrativ a finanziell Gestioun: Budgetsplang, Iwwerwaachung vun den Investitiounen vum AIP an enger enker Zesummenaarbecht mat der Direktioun vum Parc.

  • Personalgestioun: Féierung vun enger dynamescher a multidisziplinärer Equipe (technescht an educativ Personal, Déierefleeger), baséiert op Vertrauen an Dialog.


Äre Profil:

  • Dir sidd am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom (minimum Bac+3) am sozio-pedagogesche Beräich oder Management.

  • Dir hutt eng confirméiert Erfarung an enger Managementfunktioun.

  • Dir hutt är Stärkten an den Beraicher Organisatioun an Dialog, an hutt eng Liichtegkeet bei der Entscheedungs­féierung.

  • Dir beherrscht déi drei offiziell Landessproochen, woubai Lëtzebuergesch obligatoresch ass.

  • Dir kennt Konzepter denken an entwëckelen an hutt gudd redaktionnell Fäegkeeten

  • Dir sidd proaktiv a kreativ an hutt Loscht, den Atelier am Parc a senger inklusiver Missioun innovativ weider ze entwéckelen.


Firwat bei eis kommen?

  • een aussergewéinlecht Arbechtsemfeld mat Sënn, am Häerz vum eenzegen Déiere – a Fräizäitparc aus dem Land.

  • D’Chance, Deel vun enger motivéierter Direktiounsequipe matt staarke mënschleche Wärter ze ginn.

  • Eng Schlësselpositioun, wou all Entscheedung zu enger richteger sozialer Inklusioun bäidréit.


Sidd Dir interesséiert? Schéckt eis Är Kandidatur online eran fir Deel vun eiser Equipe ze ginn!

Detailer
Aarbechtsform
Vollzäit
Aart vu Kontrakt
Permanente Kontrakt
Standuert
Land
Lëtzebuerg
Stad
Bettembourg
Informatioun zum Salaire

Minimum Carrière C6 CCT-SAS.

Jobkategorie
Gestioun
mindestens gefuerdertEducatioun
Bachelor
Employment type
Full-Time
Contract Type
Permanent contract
ERFUERDERLECHSPROOCHEN
Fir fir dësen Job consideréiert ze ginn, ass et entscheedend, dat Dir Kenntnisser a folgenden Sproochen hutt
Lëtzebuergesch
LiesenC1 Autonomen Niveau
SchreiwenB2 Avancéiert Mëttelstuf
SchwätzenC1 Autonomen Niveau
Däitsch
LiesenB2 Avancéiert Mëttelstuf
SchreiwenB2 Avancéiert Mëttelstuf
SchwätzenB2 Avancéiert Mëttelstuf
Franséisch
LiesenB2 Avancéiert Mëttelstuf
SchreiwenB2 Avancéiert Mëttelstuf
SchwätzenB2 Avancéiert Mëttelstuf
Wielt eng Optioun fir Iech ze bewerben
Dateschutzrichtlinn
Powered by skeeled