Wëllkomm
Dir sidd am Gaang Äre Bewerbungsprozess unzefänken fir:
NEW Artisan polyvalent (M/W/NB) – Service Technique (Osten)
NEW Artisan polyvalent (M/W/NB) – Service Technique (Osten)

Mir siche fir de Service Hausmeeschteren zu Iechternach/Raum Osten een Artisan polyvalent (M/W/NB) mat 40 Stonnen/Woch am CDI.


De Service Hausmeeschter ass eng dynamesch, flexibel a multidisziplinär Equipe. Déi ronn 10 Handwierker an Techniker si fir Entretienen, Reparaturen an Ëmbauaarbechten an iwwer 100 Strukturen am sozialen, edukativen a pedagogesche Beräich zoustänneg.


Deng Aufgaben:

  • Entretiens- a Reparaturaarbechte vu Gebaier op verschidde Platzen

  • Plënneraarbechten a Montage vu Miwwelen

  • Maintenance vun de Gäert

  • Richteg benotze vu verschiddene Baumaterialien


Däi Profil:

  • Een DAP am Beräich vum Handwierk, oder passend Qualifikatiounen

  • Erfarung an der Ënnerhalung a Reparature vu Gebaier a Fäegkeet mat verschiddene Materialien ze schaffen

  • Kierperlech fit a belaaschtbar an Spaass u physesch an usprochsvoll Tätegkeeten

  • Handwierklech begaabt a staarken Teamgeescht

  • Flexibel an autonom schaffen

  • Valabelen Autosführerschäin

  • Kennt Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch schwätzen


Wat dech erwaart:

  • Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen

  • Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS

  • En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen

  • Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass

  • En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld


Iwwert eis:

arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 en kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kenne ginn. Sie bitt en kollektiivt Aarbechtsëmfeld, dat Eegeninitiativ an Autonomie fërdert a gläichzäiteg fir déi néideg Ënnerstëtzung, Leedung a Begleede suergt. arcus asbl bitt hire Mataarbechter en stabelt a frëndlecht Aarbechtsëmfeld an engem schnellliewege Secteur mat Zukunft.


(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)

Detailer
Aarbechtsform
Vollzäit
Aart vu Kontrakt
Permanente Kontrakt
Stonnen pro Woch
40
Standuert
Land
Lëtzebuerg
Stad
Luxembourg
Jobkategorie
Produktioun & Fabrikatioun
mindestens gefuerdertEducatioun
Diploma of Professional Aptitude (DAP)
Erfuerderlech Beruffserfarunga Joren
0 oder méi Joer
Durée de Travail
Temps plein
Type de Contrat
CDI
Emploi
Administrativ
Type de Structure
AC
ERFUERDERLECHSPROOCHEN
Fir fir dësen Job consideréiert ze ginn, ass et entscheedend, dat Dir Kenntnisser a folgenden Sproochen hutt
Lëtzebuergesch
LiesenB2 Avancéiert Mëttelstuf
SchreiwenB2 Avancéiert Mëttelstuf
SchwätzenB2 Avancéiert Mëttelstuf
Franséisch
LiesenB2 Avancéiert Mëttelstuf
SchreiwenB2 Avancéiert Mëttelstuf
SchwätzenB2 Avancéiert Mëttelstuf
OPTIONELL SPROCHEN
Dës Sproochen sinn nëmmen optional mee ginn als Plus consideréiert.
LiesenB2 Avancéiert Mëttelstuf
SchreiwenB2 Avancéiert Mëttelstuf
SchwätzenB2 Avancéiert Mëttelstuf
Wielt eng Optioun fir Iech ze bewerben
Dateschutzrichtlinn
Powered by skeeled