Méi Jobs uweisen
Klickt fir méi Jobméiglechkeeten
een geléierten Elektriker (w/m/x) - Parc Merveilleux zu Beetebuerg
Schlussdatum26/07/2026

D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir den Parc Merveilleux zu Beetebuerg, een geléierten Elektriker (w/m/x), fir een CDI an Vollzäit, fir direkt oder no Ofsprooch.

 

Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur eran ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif ...).

 

Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.

 


Responsabilitéiten


Ënnerhalt vun den techneschen Installatiounen an de Gebaier am Parc Merveilleux.

 



Obligatoresch Ufuerderungen


D'Kandidate sollen:

 

  • am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom sinn

  • iwwert Beruffserfarung verfügen

  • motivéiert sinn, fir polyvalent ze schaffen

  • motivéiert sinn, an enger Ekipp ze schaffen

  • déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen

  • de Führerschäin Klass B hunn

 

 

Mir bidden


  • attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen.

  • en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung.

 


 

Detailer
Aarbechtsform
Vollzäit
Aart vu Kontrakt
Permanente Kontrakt
Stonnen pro Woch
40
Standuert
Land
Lëtzebuerg
Stad
Bettembourg
ERFUERDERLECHSPROOCHEN
Fir fir dësen Job consideréiert ze ginn, ass et entscheedend, dat Dir Kenntnisser a folgenden Sproochen hutt
Lëtzebuergesch
LiesenC1 Autonomen Niveau
SchreiwenC1 Autonomen Niveau
SchwätzenC1 Autonomen Niveau
Däitsch
LiesenB2 Avancéiert Mëttelstuf
SchreiwenB2 Avancéiert Mëttelstuf
SchwätzenB2 Avancéiert Mëttelstuf
Franséisch
LiesenB2 Avancéiert Mëttelstuf
SchreiwenB2 Avancéiert Mëttelstuf
SchwätzenB2 Avancéiert Mëttelstuf
Wielt eng Optioun fir Iech ze bewerben
Dateschutzrichtlinn