Méi Jobs uweisen
Klickt fir méi Jobméiglechkeeten
Een diploméierten Erzéier (w/m/x) - Service SCAF antenne Sud
Schlussdatum26/07/2026

D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hiren Service SCAF antenne Sud, fir een CDI 20-30-40 Stonnen/Woch, een diploméierten Erzéier (w/m/x).


Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif ...).


Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.



Responsabilitéiten


Am Kader vun eisem Service SCAF (Service spécialisé d'accompagnement et de soutien à la parentalité), ennerstëzt Dir Elteren vu Kanner mat enger Behënnerung respektif Elteren mat enger Behënnerung an hirer Elterenfunktioun an hirem Doheem.



Obligatoresch Ufuerderungen


D'Kandidaten sollen:


  • Am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom als diploméierten Erzéier sinn

  • iwwert Beruffserfarung am Beräich vun der Aarbecht mat Familljen verfügen

  • Sënn vu Verantwortung hunn

  • flexibel um Niveau vun den Aarbechtszäiten sinn (Aarbecht am Owend an Samschdes méiglech)

  • eegestänneg an organiséiert schaffen kënnen

  • d’Beherrschen vun lëtzebuergesch ass obligatoresch, an gudd Kenntnisser an franséischer Sprooch hun. All aner Sprooch ass vun Virdeel.

  • de Führerschäin Klass B an een eegenen Auto hunn



Mir bidden


  • attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen (Carrière C4)

  • en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Elteren an hirem Kand.


Detailer
Aarbechtsform
Deelzäit, Vollzäit
Aart vu Kontrakt
Permanente Kontrakt
Stonnen pro Woch
40
Standuert
Land
Lëtzebuerg
Stad
Bettange-sur-Mess
ERFUERDERLECHSPROOCHEN
Fir fir dësen Job consideréiert ze ginn, ass et entscheedend, dat Dir Kenntnisser a folgenden Sproochen hutt
Lëtzebuergesch
LiesenC1 Autonomen Niveau
SchreiwenC1 Autonomen Niveau
SchwätzenC1 Autonomen Niveau
Däitsch
LiesenB2 Avancéiert Mëttelstuf
SchreiwenB2 Avancéiert Mëttelstuf
SchwätzenB2 Avancéiert Mëttelstuf
Franséisch
LiesenB2 Avancéiert Mëttelstuf
SchreiwenB2 Avancéiert Mëttelstuf
SchwätzenB2 Avancéiert Mëttelstuf
Wielt eng Optioun fir Iech ze bewerben
Dateschutzrichtlinn