Méi Jobs uweisen
Klickt fir méi Jobméiglechkeeten
Een diploméierten Aide-soignant (w/m/x) - SAJ zu Esch sur Alzette
Schlussdatum26/07/2026

D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hir Dagesstruktur zu Esch - een Aide-soignant (m/w/x) fir een CDI - 40 Stonnen/Woch, fir ab dem 01.08.26 oder no Ofsprooch

 

Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur eran ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif ...).

 

Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.

 



Responsabilitéiten


Begleedung am Alldag vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung.

 



Obligatoresch Ufuerderungen

D’Kandidate sollen:

 

  • am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom/Certificat ( Auxiliaire de Vie, Aide-soignant, ASF oder Aide-Educateur) sinn 

  • Beruffserfarung hunn

  • Sënn vu Verantwortung hunn, fir en optimalen professionellen Encadrement vu Persounen mat enger intellektueller Beanträchtegung ze garantéieren

  • iwwert Flexibilitéit, Motivatioun an Eegeninitiativ verfügen

  • eegestänneg an organiséiert schaffe kënnen

  • D'Lëtzebuergesch Sprooch ass eng Viraussetzung; gutt Kenntnisser an der franséischer an däitscher Sprooch si gewënscht.

  • de Führerschäin Klass B hunn

 

 

 

 

Wënschenswäert Ufuerderungen

Erfarung am Ëmgang mat Persoune mat Polyhandicap ass en däitleche Virdeel.

 

 


Mir bidden


  • attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen

  • en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung

Detailer
Aarbechtsform
Vollzäit
Aart vu Kontrakt
Permanente Kontrakt
Stonnen pro Woch
40
Standuert
Land
Lëtzebuerg
Stad
Nossbierg
ERFUERDERLECHSPROOCHEN
Fir fir dësen Job consideréiert ze ginn, ass et entscheedend, dat Dir Kenntnisser a folgenden Sproochen hutt
Lëtzebuergesch
LiesenC1 Autonomen Niveau
SchreiwenC1 Autonomen Niveau
SchwätzenC1 Autonomen Niveau
Däitsch
LiesenB2 Avancéiert Mëttelstuf
SchreiwenB2 Avancéiert Mëttelstuf
SchwätzenB2 Avancéiert Mëttelstuf
Franséisch
LiesenB2 Avancéiert Mëttelstuf
SchreiwenB2 Avancéiert Mëttelstuf
SchwätzenB2 Avancéiert Mëttelstuf
Wielt eng Optioun fir Iech ze bewerben
Dateschutzrichtlinn