NEW Educateur gradué - Jugendhaus Mamer-Garnech (M/W/NB)

Mir siche fir d'Jugendhaus Mamer-Garnech: Educateur gradué (M/W/NB) - 32 Stonnen/Woch CDD (Congé maternité/parental)


D'Jugendhaus Mamer ass fir Jonker am Alter vun 12 bis 26 Joer a bitt Raum fir verschidde Fräizäitaktivitéiten. Bei dëser ofwiesslungsräicher Aarbecht, kanns du Jugendlech mat engem flotte Fräizäitprogramm ënnerstëtzen a bei Froen zu Schoul a Beruff hëllefen.


Deng Aufgaben:

  • Planung, Ëmsetzung an Evaluatioun vun pädagogeschen Aktivitéiten a Projeten

  • Organisatioun vu Workshops, Fräizäitaktivitéiten a Präventiounsprojeten

  • Deeskaléierend a professionellt Handelen a schwéiere Situatiounen

  • Vertrauensvoll Bezéiungen opbauen a sozial Kompetenze stäerken

  • Medienpädagogik, Social-Media Wëssen an den Usaz vun digitalen Tools

  • Organisatoresch Aufgaben iwwerhuelen: Dossieren aktualiséieren, dokumentéiere vun Aktivitéiten, Projeten, Word an Exel-Kompetenzen

  • Opbau a Stäerke vu verschidde Kooperatiounspartner (Schoulen, Gemengen, Institutiounen a verschidde Servicer)


Däi Profil:

  • Een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom

  • Flexibel an den Aarbechtszäiten

  • Sproochen Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch an Englesch


Wat dech erwaart:

  • Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen

  • Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS

  • En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen

  • Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass

  • En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld


Iwwert eis:

arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 e kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance et à la famille an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge Mataarbechter.innen ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn.


(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)

Detailer
Aarbechtsform
Deelzäit
Aart vu Kontrakt
Fixzäitkontrakt
Stonnen pro Woch
32
Standuert
Land
Lëtzebuerg
Stad
Mamer
Jobkategorie
Sozialpedagog
mindestens gefuerdertEducatioun
Diploméierten Éducateur (14e)
Type de Structure
SEA
Durée de Travail
Temps partiel
Type de Contrat
CDD
Emploi
Encadrement
ERFUERDERLECHSPROOCHEN
Fir fir dësen Job consideréiert ze ginn, ass et entscheedend, dat Dir Kenntnisser a folgenden Sproochen hutt
Lëtzebuergesch
LiesenB2 Avancéiert Mëttelstuf
SchreiwenB2 Avancéiert Mëttelstuf
SchwätzenB2 Avancéiert Mëttelstuf
Franséisch
LiesenB2 Avancéiert Mëttelstuf
SchreiwenB2 Avancéiert Mëttelstuf
SchwätzenB2 Avancéiert Mëttelstuf
Däitsch
LiesenB2 Avancéiert Mëttelstuf
SchreiwenB2 Avancéiert Mëttelstuf
SchwätzenB2 Avancéiert Mëttelstuf
Englesch
LiesenB2 Avancéiert Mëttelstuf
SchreiwenB2 Avancéiert Mëttelstuf
SchwätzenB2 Avancéiert Mëttelstuf
Wielt eng Optioun fir Iech ze bewerben
Dateschutzrichtlinn