Méi Jobs uweisen
Klickt fir méi Jobméiglechkeeten
ee Pädagog oder Heilpädagog (w/m/x)
Schlussdatum23/08/2026

D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hire Service pédagogique am Departement Logement et Accueil de jour,

 

e Pädagog mat engem Master an der Pädagogik/ Heilpädagogik / inklusive Pädagogik / Sonderpädagogik (w/m/x)

fir 40 Stonnen/Woch - op onbestëmmten Zäit (CDI).

 

Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur eran ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif ...).

 

Am Fall vun enger Astellung gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.

 

Missioune

 

Als pädagogesche Referenzpartner spillt Dir eng zentral Roll an der Weiderentwécklung vun eiser Begleedung. An enker Zesummenaarbecht mat den Ekippen, de Persounen déi mir begleeden an der Direktioun, drot Dir aktiv zu enger qualitativ héichwäerteger, respektvoller a partizipativer Praxis bäi. Är Missioune sinn:

• Pädagogesch Berodung an Uleedung vun de Wunn- an Dagesstrukture fir eng qualitativ Begleedung vu Persoune mat enger intellektueller Beanträchtegung

• Opstellung, Koordinatioun an Ëmsetzung vun de perséinleche Liewensprojeten an Ko-Konstruktioun mat de Betraffenen

• Ënnerstëtzung vun den Ekippen an der Direktioun bei pädagogesche Fragestellungen

• Aktiv Matgestaltung bei der Entwécklung an dem Ëmsetze vu pädagogesche Konzepter a Prozesser op institutioneller Eben


 


Obligatoresch Ufuerderungen

 

  • een zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Master an der Pädagogik, Heilpädagogik, inklusive Pädagogik oder Sonderpädagogik

  • Beruffserfarung am Opstelle vu pädagogesche Projeten

  • ee staarkt Verantwortungsgefill an eng ressourceorientéiert Haltung

  • Selbststännegkeet, Flexibilitéit an Initiativ an der Organisatioun vun Ärer Aarbecht

  • Freed um Schaffe an enger multidisziplinärer Ekipp

  • gutt Kenntnesser am Lëtzebuergeschen, Franséischen an Däitschen

  • Führerschäin Klass B


 


Wënschenswäert Ufuerderungen

 Beruffserfarung a fundéiert Kenntnesser am Beraïch vun der intellektueller Beanträchtegung si vu Virdeel.


Mir bidden:

Schaffe bei eis heescht…

• an interdisziplinären, engagéierten Ekippen zesummeschaffen

• Verantwortung iwwerhuelen an aktiv matentscheeden

• pädagogesch Praxis weiderentwéckelen an innovativ matgestalten

• eng Aarbecht mat Impakt maachen

• attraktiv Aarbechtsbedéngungen no dem CCT SAS (Carrière C7)


Mir vertrauen eise Mataarbechter*innen an ënnerstëtzen se dobäi, hir Stäerkten anzebréngen an sech fachlech a perséinlech weiderzëentwéckelen.


 

Detailer
Aarbechtsform
Vollzäit
Aart vu Kontrakt
Permanente Kontrakt
Stonnen pro Woch
40
Standuert
Land
Lëtzebuerg
Stad
Bettange-sur-Mess
Informatioun zum Salaire

Carrière C7 CCT-SAS

Jobkategorie
Sozialpedagog
mindestens gefuerdertEducatioun
Master
ERFUERDERLECHSPROOCHEN
Fir fir dësen Job consideréiert ze ginn, ass et entscheedend, dat Dir Kenntnisser a folgenden Sproochen hutt
Lëtzebuergesch
LiesenB2 Avancéiert Mëttelstuf
SchreiwenB2 Avancéiert Mëttelstuf
SchwätzenB2 Avancéiert Mëttelstuf
Däitsch
LiesenB2 Avancéiert Mëttelstuf
SchreiwenB2 Avancéiert Mëttelstuf
SchwätzenB2 Avancéiert Mëttelstuf
Franséisch
LiesenB2 Avancéiert Mëttelstuf
SchreiwenB2 Avancéiert Mëttelstuf
SchwätzenB2 Avancéiert Mëttelstuf
Wielt eng Optioun fir Iech ze bewerben
Dateschutzrichtlinn