Méi Jobs uweisen
Klickt fir méi Jobméiglechkeeten
Een diploméierten Erzéier oder Auxiliaire de Vie (w/m/x) - Wunnstruktur zu Betten (Fermette)
Schlussdatum23/08/2026

D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hir Wunnstruktur zu Betten (Fermette), een diploméierten Erzéier oder Auxiliaire de Vie (w/m/x) fir een CDI - 40 Stonnen/Woch - fir ab sofort oder no Ofsprooch.


Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur eran ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif ...).


Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.



Responsabilitéiten


Betreiung an Fleege vun erwuessene Léit mat enger intellektueller Beanträchtegung.



Obligatoresch Ufuerderungen

D’Kandidate sollen:


  • Am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom sinn

  • Beruffserfarung hunn

  • Sënn vu Verantwortung hunn fir en optimalen professionellen Encadrement vu Persounen mat enger intellektueller Beanträchtegung ze garantéieren

  • Iwwert Flexibilitéit, Motivatioun an Eegeninitiativ verfügen

  • Eegestänneg an organiséiert schaffen kënnen

  • Déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen

  • De Führerschäin Klass B hunn



Wënschenswäert Ufuerderungen


Erfarung mat Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung ass vu Virdeel.



Mir bidden


  • attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen.

  • en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung.


Detailer
Aarbechtsform
Vollzäit
Aart vu Kontrakt
Permanente Kontrakt
Stonnen pro Woch
40
Standuert
Land
Lëtzebuerg
Stad
Bettange-sur-Mess
Informatioun zum Salaire

Carrière C3 oder C4 CCT-SAS

Jobkategorie
Bildung & Erzéiung
Wunnstrukturen
Foyer Fermette
ERFUERDERLECHSPROOCHEN
Fir fir dësen Job consideréiert ze ginn, ass et entscheedend, dat Dir Kenntnisser a folgenden Sproochen hutt
Lëtzebuergesch
LiesenC1 Autonomen Niveau
SchreiwenC1 Autonomen Niveau
SchwätzenC1 Autonomen Niveau
Däitsch
LiesenB2 Avancéiert Mëttelstuf
SchreiwenB2 Avancéiert Mëttelstuf
SchwätzenB2 Avancéiert Mëttelstuf
Franséisch
LiesenB2 Avancéiert Mëttelstuf
SchreiwenB2 Avancéiert Mëttelstuf
SchwätzenB2 Avancéiert Mëttelstuf
Wielt eng Optioun fir Iech ze bewerben
Dateschutzrichtlinn