Méi Jobs uweisen
Klickt fir méi Jobméiglechkeeten
een Auxiliaire de Vie/Aide-Soignant oder Erzéier (w/m/x) - SAJ 1 Esch/Uelzecht
Schlussdatum23/08/2026

D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hiren Service d'Activités de Jour (SAJ 1) zu Esch (Centre Nossbierg) , een Auxilliaire de vie/ Educateur/ Aide-soignant (w/m/x) - fir ee CDD 40 Stonnen/Woch - fir 1 Joer ab dem 01/09.

 

Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif ...).

 

Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.

 

Responsabilitéiten

Begleedung am Alldag vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung.

 

 

Obligatoresch Ufuerderungen

D’Kandidate sollen:

 

  • am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom hunn.

  • Beruffserfarung hunn

  • Sënn vu Verantwortung hunn, fir en optimalen professionellen Encadrement vu Persounen mat enger intellektueller Beanträchtegung ze garantéieren

  • iwwert Flexibilitéit, Motivatioun an Eegeninitiativ verfügen

  • eegestänneg an organiséiert schaffe kënnen

  • déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen 

  • de Führerschäin Klass B hunn

 

 

Wënschenswäert Ufuerderungen

Erfarung mat Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung ass vu Virdeel.

 

 

Mir bidden

 

  •  attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen.

  •  en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung.

 

 

Detailer
Aarbechtsform
Vollzäit
Aart vu Kontrakt
Fixzäitkontrakt
Stonnen pro Woch
40
Standuert
Land
Lëtzebuerg
Stad
Esch/Alzette
Informatioun zum Salaire

Carrière C3 oder C4 CCT-SAS

Jobkategorie
Bildung & Erzéiung
Dagestrukturen
Service d'activités de jour
ERFUERDERLECHSPROOCHEN
Fir fir dësen Job consideréiert ze ginn, ass et entscheedend, dat Dir Kenntnisser a folgenden Sproochen hutt
Lëtzebuergesch
LiesenB1 Mëttelstuf
SchreiwenB1 Mëttelstuf
SchwätzenB2 Avancéiert Mëttelstuf
Wielt eng Optioun fir Iech ze bewerben
Dateschutzrichtlinn